Eigentlich habe ich mich schon viel zu oft ĂĽber Weihnachten ausgelassen. Aber getreu dem Motto “Alle Jahre wieder” kann ich auch dieses Jahr nicht davon lassen, mich ĂĽber die Auswirkungen dieses Festes auf den öffentlichen Raum zu echauffieren …
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
MP3-Download Angscht a Schrecken um Chrëschtmaart
Die Musik stammt von Revolution Void und steht unter einer cc-Lizenz.
Achtung! Der alte Switchpod-Feed funktioniert nicht mehr! Ich bitte euch deshalb, den Feedburner-Feed zu abonieren, da ihr ansonsten keine Benachrichtigungen ĂĽber neue Folgen mehr bekommen werdet!
A&S Podcast Feed ¦ A&S in iTunes oder anderem Podcatcher abonnieren ¦ A&S im iTunes Katalog
Eigentlech hunn ech jo schon vill ze vill iwert daat Thema geschwaat. All Joer am Dezember ass et daat selwescht. Kaum hunn sech d’Leit domadder ginn, sech opzereegen, daat „all Joer mĂ©i frĂ©ih!“ ChrĂ«schtartikelen am SupermarchĂ© stĂ©ingen, ass och schon Advent an meng ganz persĂ©inlech Hell deet sech op. Net nemmen an Form vun ChrĂ«schtdaagsdekoratioun an Grande-Surfacen, ganz schrecklechen ChrĂ«schtdaagslidder oder op ChrĂ«schtfĂ©iren, dĂ©i schon am November sinn – nee, all Joer am Dezember hunn ech d’Gefill, daat op verschiddenen Plaatzen meng persĂ©inlech Hell ze gesinn ass.
Chrëschtmaart nennt sech daat ganzt dann. Op onschellegen Plaatzen wéi der Pless oder der Gare an der Stadt, déi soss soss eng ganz normal Statioun op ganz normale Weer sinn, stinn op een mol onmosseg vill hellzen Buden, déi just engem eenzegem Zweck dengen: Angscht a Schrecken verbreden. Op manst wier daat esou, wann ech den eenzegen wier, den op denen Chrëschtmäart géif passéiren.
Den Max Goldt huet an engem vun sengen Bicher vum „Zauber des Seitlich Daran Vorbeigehens“ geschwaat, wéi en vun Chrëschtmäart geschriwen huet. An en haat natirlech Recht: daat enzegt, waat wirklech helleft, ass esou, wéi wann naischt wier, laanscht den ganzen Zauber ze goen.
Mee daat ass op der Pless zum Beispiel guer net mĂ©iglech. Et kann en am Dezember net iwert d’Pless goen, ouni den ChrĂ«schtmaart op manst ze gesinn. Daat ass einfach onmĂ©iglech. An alleng Daat ass schon en Grond fir Angscht a Schrecken.
Wann een sech dann traut, en ganz klengen Tour iwert oder ganz no laanscht – bei lĂ«tzebuerger Dimensiounen ass daat jo daat selwescht – den ChrĂ«schtmaart ze maachen, tauchen meng zwee aal Bekannten mat Secherheet bei dem zweeten, wann net schon bei dem eischten Stand op.
Et ginn zwou Zorten vun Buden: DĂ©i, dĂ©i Kreemschen verkaafen an d’Friessbueden. D’Friessbueden sinn esou ziemlech d’selwescht wĂ©i dĂ©i op der Fouer, just daat hei nach vill mĂ©i oft mam Adjektiv „original“ rondrem sech geworf ged. Ausserdem ginn et natirlech vill mĂ©i Budden, dĂ©i Mazipan an Liewkuch verkaafen wĂ©i op der Fouer, mee daat ass jo normal.
Angscht a Schrecken kommen op, wann een sech déi Stänn, déi keng Iesssaachen verkaafen, méi genee unkuckt. Do gesait een dann Ethno-Kreemschen, den wahrscheinlech enner NACH méi menschenonwierdegen Conditiounen wéi soss Kleeder hiergestallt ged an dann als „Original Inka-iPodtäsch“ verkaaft ged.
Daat ass och esou eng Saach, dĂ©i Inkaen. Ween schon eng KĂ©ier an engem MĂĽslirayon vun engem Biobuttek waar, deen wees: D’Inka sinn deen grĂ©iĂźten Werbeträger fir BiomĂĽslien wait an breed. An all exotesch Kärren ginn als „Das Wunderkorn der Inkas“ verkaaft an ungepriesen. Do freet een sech dach: Wann se esou vill Wonnerkären haaten, wiesou hunn se net emol d’Rad erfonnt?
Op aaneren Stänn den selweschten Ethnokitsch, mee eischter an enger afrikanischer Ausrichtung. Mee haaptsächlech bemierkt een dĂ©i Stänn well een kuerzfristeg keng Loft mĂ©i kritt, well eng Dampfwollek aus 26 verschiddenen Räucherstäbchen engem d’Otemweer blockĂ©iert. Wahrscheinlech sinn schon Leit, dĂ©i esouwiesou schons Problemer mat hiren Longen, Bronchien, LoftrĂ©ier oder Mondschleimhait haaten, un esou enger Dampfwollek ersteckt.
Angscht a Schrecken maachen sech breed, esoubaal sech déi wahrscheinlech canzerogen Doftstoffer an der Nues bemierkbaar maachen.
Ech hunn op dem ChrĂ«schtmaart oft d’Gefill, vill Leit gĂ©ifen mat engem gudden Gewessen Saachen do kaafen, well sech irgendwĂ©i am kollektiven Gediechniss festgesaat huet, daat alles, waat een op esou Plaatz keeft, „fir en gudden Zweck“ ass. Well et ass jo ChrĂ«schtmaart.
Dobai ass daat zum grĂ©iĂźten Deel iwerhaat net wouer. ChrĂ«schtdaag ass wahrscheinlech den enzegen Grond, firwaat d’Weltwirtschaft nach irgendwĂ©i leeft. Och wann ech nach nie von Börsenmakler hĂ©iren hunn, dĂ©i sech geigensaiteg Cadeauxen an Form vun enger Millioun Lehmann-Brothers-Aktien gemaach hunn, mee anscheinend soll jo och nach den „Joe the Consument“ een Wuert an der Weltwirtschaft mat ze spillen hunn.
Angscht a Schrecken ginn mĂ©i an mĂ©i grous, je mĂ©i laang een sech op dem ChrĂ«schtmaart ophällt. DĂ©i schrecklech Schunkelstemmung mat „mir maachen eppes fir den gudden Zweck“, Schelder dĂ©i original Inka-afrikaneschen Kreemschen oder kanadesch Ploveren unpreisen, den Geroch vun schlechtem GlĂĽhwain an fettegem Iessen, daat alles schengt wĂ©i eng wĂ©ider Manifestatioun vum LĂ«tzebuergeschen Draam, den an mengen Aan awer esou schrecklech an grausam ass, daat ech d’Gefill hunn, meng zwee aal bekannten Angscht a Schrecken wieren vun hirem graissleschen Cousin Terror opgefriess ginn. An genee deen gĂ©if Godzilla-ähnlech duerch d’Strossen vun der Uwerstadt wanderen an aus sengem Mond gĂ©ingen schlecht Versiounen vun ChrĂ«schtdaagslidder kommen…
Daat enzegt, waat elo nach helleft, ass d’Flucht. An eng aaner Galaxie, am beschten.Â
“Wann een sech dann traut, en ganz klengen Tour iwert oder ganz no laanscht – bei lĂ«tzebuerger Dimensiounen ass daat jo daat selwescht”
ROFL, dat ass ee vun de beschten Saetz di et bis elo an enger A&S Folg gouf!
Chreschtmaart ass net iwwerall schleht. Hei zu Cardiff gett et eng grouss Aispist, an et kommen Artisten aus der ganzer Welt heihinner hiere Kreemchen verkafen – d’leschte Keier hunn ech souguer ee Fransous fonnt deen sech ennert d’Briten gewoht hat :). An eenges dovunner ass zimlech cool.
Ech freen mech op Letzebuerg. Et gett dach naischt mi scheines wi de Gestank vu Frittefett. :)
“Wann een sech dann traut, en ganz klengen Tour iwert oder ganz no laanscht – bei lëtzebuerger Dimensiounen ass daat jo daat selwescht”
Ganz grousse Kino!;)