Hier mein Redebeitrag zu der freedom not fear!-Demonstration am 11. Oktober 2008 in Luxemburg/Stadt.
WĂ©i den Hunter S. Thompson, amerikaneschen Journalist an Auteur kuerz no den Attentater vum 11. September 2001 vun engem “Kingdom of Fear”, engĂ«m KinniksrĂ€ich vun der Angscht, geschriwwen huet, konnten dĂ©i meescht vun eis nach net wĂ«ssen, dat mir eis e puer Joer duerno an engĂ«m Grand-DuchĂ© vun der Angscht erĂ«mfannen gĂ©ifen.
An Angscht a Schrecken ginn stÀnneg verbreet:
den westafrikaneschen Drogendealer, den islamisteschen Terrorist, den “auslĂ€nneschen” Messerpicker, den autonome Chaot – sinn nĂ«mmen e puer vun deenen Gestalten, virun deenen mir stĂ€nneg Angscht gemaach krĂ©ien.
An well mir alleguerten esou vill Angscht hunn, mussen mir eis schĂŒtzen. An dat geet anscheinend nĂ«mmen, wann mir gefilmt ginn beim Akafen, op der Autobunn, am Zuch, bei eisen Rendezvousen um Aldringer. Dat geet anscheinend och nĂ«mmen dann, wann eis VerbindungsdonnĂ©en gespĂ€ichert ginn, all Obenthalt an Hotelen an Jugendherbergen protokollĂ©iert ged, wann mir en biometreschen Pass hunn, asw…
“Mee et huet jo keen eppes ze verstoppen?”
Ma dach! All Mënsch huet eng PrivatsphÀre! Scholden, Nervendokter, Krankheeten, Bezéiungen, Reesen, Iwwerzeegungen, asw, asw.
Donnéen sinn ni sécher! Net beim Staat, an schon guer net bei Firmen, wéi mir an denen leschten Deeg erëm esou beandrockend bewissen kruten.
Et hĂ€tt en net d’Ofsicht, en Iwwerwaachungsstaat ze erichten, hĂ©iert een europawĂ€it vun den Politiker. Ma dat erĂ«nnert mech un eng gewĂ«ssen Mauer, dĂ©i och keen se ze errichten d’Ofsiicht hat.
An DĂ€itschland gett een mĂ©intelaang iwwerwaacht an agespaart, wann en an enger wĂ«ssenschaftlecher Arbescht dĂ©i selwecht Wierder wĂ©i lenk “Krimineller” benotzt. Virum G8 kruten Leit hir Haiser duerchsicht, well se Aueren an Knupperten am Keller haten!
Do ass den Iwwerwaachungsstaat net méi wÀit!
Mee et geet net nĂ«mmen Ă«m eng imaginativ “SĂ©cherheet”, mee och Ă«m knallhaart wiertschaftlech Interessien.
D’Film an Musekindustrie, dĂ©i bis op e puer luewenswĂ€rt Ausnamen nach Ă«mmer net kapĂ©iert huet, dat den Internet an senger Grondarchitektur wĂ©i eng gigantesch Kopiesmaschinn funktionĂ©iert, versicht all “Pirat” virun een Gericht ze krĂ©ien – mat HĂ«llef vun Verbindungsdaten!
Hei ged eng ganz Bevölkerung kriminaliséiert. Jiddereen ged verdÀchteg. Vum Pirat zum Terrorist ass et net méi wÀit! Aueren an Knupperten am Keller ginn jo schon duer!
An esou verdÀchtegt een den aneren, keen traut sech méi an wat kennt dobÀi raus? ANGSCHT!
An et hĂ«lleft nĂ€ischt, Paranoia ze krĂ©ien an all GerĂŒcht iwwert Handyortung asw. ze gleewen!
Paranoia ass de Buedem fir dĂ©i stohlen Beem un denen d’Iwerwaachungskameraen wuessen!
Paranoia ass d’Grondlag vum Iwerwaachungsstaat!
An esou stinn ech hei, als stolze Pirat an ruffen zesummen mat ierch an dem Recht vun der Welt – well mir sinn haut net alleng op de Stroossen:
FrÀiheet, net Angscht!
FrÀiheet, keen Groussherzogtum vun der Angscht!
(Nach dem Schreien Halten dieses Redebeitrags hatte ich ĂŒbrigens den Rest des Tages Halsschmerzen.)
Staark Ried. Schued just dass ech vun der Demo lo réischt via dÀin Tweet gewuer gi sinn.
Ech si jo dénger Meenung, mee einfach just zum Titel vun der Demo:
Wéi ass FrÀiheet ouni Angscht denkbar?
Pingback: links for 2008-10-17 « Nur mein Standpunkt
Ben, klauen ass klauen, do kanns de nĂ€ischt dogĂ©int soen. Ech selwer gesinn dat allerdĂ«ngs och mĂ©i nuancĂ©iert wĂ©i d’Filmindustrie ;)
An ech si villÀicht einfach naiv, oder hu mer nÀischt wirklech zu scholden kommen geloss, mee ech fÀrten net? Ech gesinn och de Moment net firwat.
A bëssen Kontroll fir Disziplin an Uerdnung ze hunn ass och ganz ok. Wann eng Kamera hëlleft, dass op der Gare oder am Park keng Drogen verkaaft ginn, dann ass dat gutt (och wann den Problem sech wuel zum Deel verlaagert. Kameraen kënnen och net die eenzeg Léisung sinn, sie mussen en Deel vun engem Konzept sinn). Wann eng Kamera hëlleft, dass am Zuch manner freckt gemaach gët, dann ass dat gutt. Anescht halen die KÀlwer jo net op!
Et dĂ€erf een jo och net vergiessen, dass fir d’Ă©ischt d’HĂ€nnessen/Krimineller do woeren an dunn d’Kamera’en. WĂ€ren keng HĂ€nnesen/Krimineller dogewiescht, da wier och kee Besoin fir Kamera’en gewiescht.
Grommel: De Problem ass, dass, wer mer lo nĂ€ischt dergĂ©int maan, da bleiwt et nit “just” bei enger Hand voll Kameraen op der Gare (waat jo och haut schon nit de fall as – wanns du mam öffentlechen Transport an d’Staat fiers vun EttelbrĂ©ck aus, da goufs de schon ennerwee vun zig Kameraen gefilmt, am Zuch, an de Bussen, wanns de zu Miersch an den zuch klemms, gess de do och nach eng KĂ©ier gefilmt, etc…).
Wanns de wells wessen, waat geschitt, wann d’bierger nit aktiv hier Biergerrechter verteidegen, gesĂ€iss de an England: Leit dĂ€rfen 4 Wochen laang ouni Beweiser an de Prisong gehĂ€it ginn, d’Police sammelt Gen-Prouwen vun de Leit, egal op se eppes verbrach hun oder nit (wann ee bedenkt, mat waat fier enger RegelmĂ€Ăegkeet denen a leschter ZĂ€it ganz Festplacken voll mat Daten verluer ginn, an et denkt een eng KĂ©ier kuerz driwwer no, wĂ©i wuel an 5-10 Joer e VierstellungsgesprĂ©ich bei enger Firma wĂ€rt ausgesinn, nodeems d’”Gesondheetsrisiko”-Bewertung vun DNA-Material jo emmer mi belleg gett).
Wanns de nach op de LycĂ©e geess, muss de jo zanter desem Joer alles an der Kantin mat enger SOU extrem gĂ€iler Kaart bezuelen (wahrscheinlech kennen se sou um Personal an der Caisse spueren, well dĂ©i jo lo nit mol mĂ©i musse rechne kennen). Pass mool eng KĂ©ier op, waat do alles um Kessendisplay ugewise gett beim Bezuelen. Do steeht nit just “Emnu du Jour”, do steht hoorgenee, wĂ©ien Dessert dass du geholl hues, an ops du hier fetteg Ennenzop oder hiere gesondten Zalot als Entree geholl hues. Waat mengs de, waat geschitt mat denen Daten? Mengs de wierklech, dĂ©i ginn nit genotzt? Mech persĂ©inlech gĂ©if et jo nit wonneren, wann ech an 10 Joer mĂ©i en hĂ©igen Taux bei der Krankekeess abezuele muss, well ech mech a menger SchoulzĂ€it nit gesond genuch ernĂ€hrt soll hun… Fier eis bei dĂ€r ach su wichteger gesondheetsbewosster ErnĂ€hrung ze hellefen, hun se d’PrĂ€isser vun der Terrorfettfreess-Viennoiserie schomol em 50% no uewe revidĂ©iert. Si behaapten, si misste sech de MarchĂ©sprĂ€isser upassen, an kĂ©inte sou “produits finis” nit einfach subventionĂ©iert verkaafen, de gesonde Mensch freet sech, wĂ©i dreckeg et der lĂ«tzebuerger Economie mettlerweil muss goen, wa suguer de Cactus seng MĂ«tschen mĂ©i belleg verkeeft wĂ©i eis Kantin.
Mee zrĂ©ck zur SchĂŒler-/Kantinskaart, fier der mol e Beispill ze ginn, wĂ©i aarmsĂ©ileg et do em d’Secherheet bestallt ass: Bei eis an der Schoul schafft dee MĂ€nnchen, deen d’SchĂŒlerkaarte mecht, dĂ©i lo fier Restopolis benotzt ginn, an der BibliothĂ©ik op 2 Computeren. Daat eent ass en Desktop, wou en ongesecherte VNC-Server drop leeft (vun deem di hallef Schoul weess), an daat aanert ass en handleche Laptop, deen nitmol mat engem Kensington-Lock oder sou Ă©irens ugestrĂ©ckt ass. Op deem Laptop sinn dĂ©i komplett DatesĂ€tz vun de SchĂŒler gespeichert, inklusiv der Matricule, Handysnummeren a weess der Geier waat net nach alles…
Ech kenne persĂ©inlech Insideren vun Luxtrust, dĂ€r Firma, dĂ©i sollen dofier suergen, dass “Ă€r Ennerschreft an den Internet kennt” (sou eng Reklamm fonktionnĂ©iert aawer och wierklech just bei deene blöde Luxusbierger), do ass et och nit allze roseg em d’Secherheet bestallt.
Mierks de eppes? Sou zimmlech iwwerall, wou Daten gesammelt ginn (nit nĂ«mme beim Staat, an der Privatwirtschaft ass et dacks *nach* mĂ©i erbĂ€rmlech), steht et nicht zum Beschten em d’Secherheet vun eben desen Daten. Well et aawer och nach an ZĂ€iten vu Facebook, MySpace an aaneren populĂ€ren ExhibitionisĂ©irungsdingschter d’Recht op PrivatsphĂ€re gett (vun deem su Querulanten z.B. ech och ausgiebegst Gebrauch ze maan gedenken). Soulaang se aawer (aus wĂ©i engen Ursaachen och emmer, sierf daat lo dĂ©i normal, oder dĂ©i chronesch oder suguer dĂ©i akut Inkompetenz) dĂ©i Daaten nit wierksam geschĂŒtzt krĂ©ien, ass et ganz einfach onverantwortlech, dess Datesammlungen iwwerhaapt entstoen ze loossen.
Waat deng These “A bĂ«ssen Kontroll fir Disziplin an Uerdnung ze hunn ass och ganz ok.” ugeet: Op dĂ€itsch heescht daat “Zucht und Ordnung”, daat wier z.B. sou eppes: http://www.rasputin.de/CF/ordnung.html
Wanns de daat mol eng KĂ©ier selwer wells erliewen, maach Verkanz a China. Wann der daat ze deier ass, da gĂ©i fier 2 Wochen an d’Klouschter wunnen. Eng Gesellschaft, dĂ©i mat “Kontroll an Disziplin” lieft, hannerfreet nĂ€ischt mĂ©i. Den eenzeln denkt do ganz einfach nit mĂ©i, well d’FĂ©irung vun dĂ€r Gesellschaft daat scho fier sie mecht. Wells du wierklech sou liewen? Ech net…
Di Kameraen, dĂ©i do hĂ€nken, bewierke GUER nĂ€ischt. Sie kaschten de Steierzueler nemmen, an nawell nit grad wĂ©ineg. Du kanns mat enger Kamera beschtefalls KriminalitĂ©it verlageren, aawer niemols reduzĂ©iren. Mat Kameraen gin jo just d’Sympthomer bekĂ€mpft, aawer nit d’Wuerzel vum Problem. Wann dir op der Gare een dĂ€i Portmonnaie klaut, da kemmeren deen d’Kameraen dach absolut nit. Op deem lo 50 Leit nokucken, wĂ©i en dir de Portmonnaie zoppt, oder op och nach e gelangweilte Flic mat enger Tut Chips am Grapp deem ganzen um Monitor nokuckt, Ă€nnert jo nĂ€ischt, dĂ€i Portmonnaie ass aawer fort. An England huet sech di ganz Iwwerwaachung suguer negativ op d’Erfollegsquote vun der Police ausgewierkt: d’Polizisten hun sech op d’Kameramaterial verlooss, an hier konventionell Ermettlungen nit mĂ©i uerdentlech gemaach. A ville FĂ€ll waar d’Bildmaterial dann aawer am Nachhinein ze schlecht, an huet keng verwertbar Resultater bruecht.
Iwwerhaapt: Waat geschidd wuel mat der ganzer Iwwerwaachungsinfrastruktur, dĂ©i mer am Moment opbbauen, wann dĂ©i mol a falsch HĂ€nn gerĂ©it? Och falsch HĂ€nn kennen (mĂ©i oder manner) demokratesch gewielt ginn, cf. Hitler, Bush, SchĂ€uble, etc… (Jo ech wees, politesch onkorrekt, aawer daat Ă€nnert trotzdem nĂ€ischt drunn, dĂ©i 2 Leschtgenannten a Punkto Iwwerwaachung vum eegene VollĂ©k mat Abstand am schlĂ«mmste sinn. Daat traut sech just keen se soen, well den 1. an der MilitĂ€runiform an dĂ©i 2 lescht ernnert dem Schoofspelz vun der Demokratie rondremschlĂ€ichen).
Sou, genuch staarken Tubaak, soss kritt do nach een de rhetoreschen Houscht… Nuecht! :)
Pascal
Fireball
Pascal:
>waat jo och haut schon nit de fall as – wanns du mam öffentlechen Transport an dâStaat fiers vun EttelbrĂ©ck aus, da goufs de schon ennerwee vun zig Kameraen gefilmt, am Zuch, an de Bussen, wanns de zu Miersch an den zuch klemms, gess de do och nach eng KĂ©ier gefilmt, etcâŠ
1. Dat ass NEMMEN agefouert ginn, well offensichtlech eng Rëtsch LÀit VIRDRUN et fir néideg fonnt hunn, op deenen jeweilegen Plazen SchÀiss ze man. Soit fir Saachen futti ze man, LÀit ze belÀstegen, etc. Firwat schwÀtz du deen Aspekt net un?
2. WĂ©i gesot, wann e bĂ«ssen Iwwerwaachung dozou fĂ©iert, dass die Problemer aus Punkt 1 verschwannen, dann muss een eben op d’ZĂ€nn bĂ©issen. Ech hĂ€tt och lĂ©iwer et wier net nĂ©ideg, mee d’Schold lĂ€it bei deenen Asozialen, dĂ©i se nĂ©ideg gemaach hunn.
>Wanns de wells wessen, waat geschitt, wann dâbierger nit aktiv hier Biergerrechter verteidegen, gesĂ€iss de an England: Leit dĂ€rfen 4 Wochen laang ouni Beweiser an de Prisong gehĂ€it ginn, dâPolice sammelt Gen-Prouwen vun de Leit, egal op se eppes verbrach hun oder nit (wann ee bedenkt, mat waat fier enger RegelmĂ€Ăegkeet denen a leschter ZĂ€it ganz Festplacken voll mat Daten verluer ginn, an et denkt een eng KĂ©ier kuerz driwwer no, wĂ©i wuel an 5-10 Joer e VierstellungsgesprĂ©ich bei enger Firma wĂ€rt ausgesinn, nodeems dââGesondheetsrisikoâ-Bewertung vun DNA-Material jo emmer mi belleg gett).
1. Gen-Prouwen sammelen ass net per se schlecht, et kann oft hëllefen. Den heiklen Punkt ass natiirlech den Emgang domadder.
2. Hues du konkret Beispiller vun LĂ€it, dĂ©i WILLKĂRLECH 4 Wochen an de Prisong gehĂ€it gouffen. Meeschtens ginn die LĂ€it jo net aus heiterem Himmel verdĂ€chteg. Dass dat mĂ©i kloer geregelt muss ginn, do ginn ech der Recht. An och Abus’en missten verhĂ«nnert ginn.
>Wanns de nach op de LycĂ©e geess, muss de jo zanter desem Joer alles an der Kantin mat enger SOU extrem gĂ€iler Kaart bezuelen (wahrscheinlech kennen se sou um Personal an der Caisse spueren, well dĂ©i jo lo nit mol mĂ©i musse rechne kennen). Pass mool eng KĂ©ier op, waat do alles um Kessendisplay ugewise gett beim Bezuelen. Do steeht nit just âEmnu du Jourâ, do steht hoorgenee, wĂ©ien Dessert dass du geholl hues, an ops du hier fetteg Ennenzop oder hiere gesondten Zalot als Entree geholl hues. Waat mengs de, waat geschitt mat denen Daten? Mengs de wierklech, dĂ©i ginn nit genotzt? Mech persĂ©inlech gĂ©if et jo nit wonneren, wann ech an 10 Joer mĂ©i en hĂ©igen Taux bei der Krankekeess abezuele muss, well ech mech a menger SchoulzĂ€it nit gesond genuch ernĂ€hrt soll hun⊠Fier eis bei dĂ€r ach su wichteger gesondheetsbewosster ErnĂ€hrung ze hellefen, hun se dâPrĂ€isser vun der Terrorfettfreess-Viennoiserie schomol em 50% no uewe revidĂ©iert. Si behaapten, si misste sech de MarchĂ©sprĂ€isser upassen, an kĂ©inte sou âproduits finisâ nit einfach subventionĂ©iert verkaafen, de gesonde Mensch freet sech, wĂ©i dreckeg et der lĂ«tzebuerger Economie mettlerweil muss goen, wa suguer de Cactus seng MĂ«tschen mĂ©i belleg verkeeft wĂ©i eis Kantin.
1. Fir Statistiken ze féieren, wéivill vun wat giess gët, ass jo keng domm Iddi. Allerdëngs kéint een dat anonym spÀicheren.
2. DĂ€in anert Argument ass bĂ«ssen paranoid. Mee suguer, wann et sou wier, da wier et nach net onbedengt falsch. LĂ€it, dĂ©i sech bewosst falsch ernĂ€hren an doduerch den Gesondheetssystem mĂ©i belaaschten, sollen och anescht behandelt ginn, wĂ©i LĂ€it dĂ©i sech gesond ernĂ€hren. Ech sinn der Meenung, dass een heiandsdo muss zum Gudden gezwongen ginn. Oft erkennt een duerno, dass et zu sengem eegenen Gutt woer. Huet dach jidereen schon erliewt. Natiirlech muss een och hei nees firun Abus’en an Exzesser oppassen. A vun mir aus kĂ«nnen se bei extrem ongesonden Iessen genau dat selwecht man, wĂ©i bei den Zigaretten: PrĂ€isser ordentlech eropsetzen. Dann Ă«sst een eben nĂ«mmen heiandsdo Hamburger an net all Dag. Dann genĂ©isst een se opmanst nees, wĂ©i dass een se Ă«mmer nĂ«mmen rofschlengt.
>Mee zrĂ©ck zur SchĂŒler-/Kantinskaart, fier der mol e Beispill ze ginn, wĂ©i aarmsĂ©ileg et do em dâSecherheet bestallt ass: Bei eis an der Schoul schafft dee MĂ€nnchen, deen dâSchĂŒlerkaarte mecht, dĂ©i lo fier Restopolis benotzt ginn, an der BibliothĂ©ik op 2 Computeren. Daat eent ass en Desktop, wou en ongesecherte VNC-Server drop leeft (vun deem di hallef Schoul weess), an daat aanert ass en handleche Laptop, deen nitmol mat engem Kensington-Lock oder sou Ă©irens ugestrĂ©ckt ass. Op deem Laptop sinn dĂ©i komplett DatesĂ€tz vun de SchĂŒler gespeichert, inklusiv der Matricule, Handysnummeren a weess der Geier waat net nach allesâŠ
Dat ass en effet e Problem. Mee een vun der Organisatioun, net vum Prinzip. Et ginn jo awer Moyen’en sou eppes mĂ©i efficace an professionell ofzesĂ©cheren. Do kann een zu Recht maulen (genausou wĂ©i een bei deenen aneren Beispiller dat eventuellt schlecht Emgoen mat den Daten kritisĂ©ieren kann a soll) . Hutt der dat schon gemaach?
>Ech kenne persĂ©inlech Insideren vun Luxtrust, dĂ€r Firma, dĂ©i sollen dofier suergen, dass âĂ€r Ennerschreft an den Internet kenntâ (sou eng Reklamm fonktionnĂ©iert aawer och wierklech just bei deene blöde Luxusbierger), do ass et och nit allze roseg em dâSecherheet bestallt.
Wou genau giff dann do den Schwaachpunkt léien? Un der Technik oder der Organisatioun?
>Sou zimmlech iwwerall, wou Daten gesammelt ginn (nit nĂ«mme beim Staat, an der Privatwirtschaft ass et dacks *nach* mĂ©i erbĂ€rmlech), steht et nicht zum Beschten em dâSecherheet vun eben desen Daten. Well et aawer och nach an ZĂ€iten vu Facebook, MySpace an aaneren populĂ€ren ExhibitionisĂ©irungsdingschter dâRecht op PrivatsphĂ€re gett (vun deem su Querulanten z.B. ech och ausgiebegst Gebrauch ze maan gedenken).
Bei Facebook etc décidéiert een nach ëmmer selwer, wat een online setzen wëll a wat nët. Duerfir kann een déi Saachen net mateneen verglÀichen an mengen Aan.
An ech sinn och fir PrivatspĂ€hr. An du schĂ©ngs hei Saachen ze vermĂ«schen: d’Sammelen vun Daten fir Crime, etc ze verhĂ«nneren an d’Sammelen vun Daten fir Statistiken vum Normalbierger ze erhiewen. Dat ass en fermen Ennerscheed.
>Wanns de daat mol eng KĂ©ier selwer wells erliewen, maach Verkanz a China. Wann der daat ze deier ass, da gĂ©i fier 2 Wochen an dâKlouschter wunnen. Eng Gesellschaft, dĂ©i mat âKontroll an Disziplinâ lieft, hannerfreet nĂ€ischt mĂ©i. Den eenzeln denkt do ganz einfach nit mĂ©i, well dâFĂ©irung vun dĂ€r Gesellschaft daat scho fier sie mecht. Wells du wierklech sou liewen? Ech netâŠ
Et ginn net nëmmen Extremer. Et gët nët nemmen Schwaarz a WÀiss. Et gët villes dotëschent. Eng Gesellschaft ouni Recht an Uerdnung ass eng Anarchie, an dat ass och kompletten Schrott an funktionnéiert net. Och wann puer (meeschtens jonk) Sozialromantiker dat nët gleewen wëllen. Ech, an och vill aner LÀit, hÀtten gÀren Recht an Uerdnung. Mee an enger Demokratie. Net an engem faschisteschen oder kommunisteschen Régime. An do si mer ërem bei den Kompromisser a beim gëllenen Mëttelwee.
An du dÀerfs net vergiessen, dass die ganz Problematik mat der Iwwerwaachung bei eis (an aneren Demokratien) sech gestallt huet, well eng ganz Rëtsch LÀit die normal Spillregelen net méi respektéiert hunn, well se soit net geléiert gouffen, wat richteg a falsch ass oder well se séch foutéieren, well se jo net bestrooft ginn.
>Di Kameraen, déi do hÀnken, bewierke GUER nÀischt.
Net wouer. D’KriminalitĂ©it op deenen Plazen geet erof.
>Sie kaschten de Steierzueler nemmen, an nawell nit grad wĂ©ineg. Du kanns mat enger Kamera beschtefalls KriminalitĂ©it verlageren, aawer niemols reduzĂ©iren. Mat Kameraen gin jo just dâSympthomer bekĂ€mpft, aawer nit dâWuerzel vum Problem. Wann dir op der Gare een dĂ€i Portmonnaie klaut, da kemmeren deen dâKameraen dach absolut nit. Op deem lo 50 Leit nokucken, wĂ©i en dir de Portmonnaie zoppt, oder op och nach e gelangweilte Flic mat enger Tut Chips am Grapp deem ganzen um Monitor nokuckt, Ă€nnert jo nĂ€ischt, dĂ€i Portmonnaie ass aawer fort.
Sot ech dass Kameraen die eenzeg oder total Léisung wier? Nee. Natiirlech net. Mee vu dass et keen Zaubermëttel gët, ass et opmanst mol en Ufank.
>An England huet sech di ganz Iwwerwaachung suguer negativ op dâErfollegsquote vun der Police ausgewierkt: dâPolizisten hun sech op dâKameramaterial verlooss, an hier konventionell Ermettlungen nit mĂ©i uerdentlech gemaach. A ville FĂ€ll waar dâBildmaterial dann aawer am Nachhinein ze schlecht, an huet keng verwertbar Resultater bruecht.
Dat ass nees en Problem vun der Organisatioun, net vum Prinzip.
>Iwwerhaapt: Waat geschidd wuel mat der ganzer Iwwerwaachungsinfrastruktur, déi mer am Moment opbbauen, wann déi mol a falsch HÀnn geréit? Och falsch HÀnn kennen (méi oder manner) demokratesch gewielt ginn, cf. Hitler, Bush, SchÀuble, etc⊠(Jo ech wees, politesch onkorrekt, aawer daat Ànnert trotzdem nÀischt drunn, déi 2 Leschtgenannten a Punkto Iwwerwaachung vum eegene Vollék mat Abstand am schlëmmste sinn. Daat traut sech just keen se soen, well den 1. an der MilitÀruniform an déi 2 lescht ernnert dem Schoofspelz vun der Demokratie rondremschlÀichen).
Wat geschitt mat Messeren, wann dĂ©i an de falsch HĂ€nn geroden … ?
Natiirlech ass dat en potentiellen Problem. Mee dann musse mer kucken, dass esou LĂ€it net un d’Muecht kommen. Oder wann mer se un d’Muecht komme loossen, dann kĂ«nne mer eis net bekloen. Mee weder dem Bush nach dem SchĂ€uble (dĂ©i ech persĂ©inlech allen 2 net leiden kann), geet et wirklech drĂ«m fir den Normalbierger auszespionĂ©ieren. Sie sinn ‘just’ der Meenung, dass hier MĂ«ttelen die richteg wieren fir gĂ©int die BĂ©iss virzegoen. Do kĂ«nt et natiirlech zu Abus’en, dĂ©i absolut net akzeptabel sinn. Mee dat heescht net, dass en gewĂ«sst Mooss un Iwwerwaachung a Kontroll falsch ass.
Well die Béiss (oder die Asozial) SINN dobaussen. Ob een dat unerkennen wëll oder net. An sie sinn mat Schold, wann net Haaptschold, un all deenen Moosnahmen, déis du lo kritiséiers.
Falsch. Eng Gesellschaft ouni Recht an Uerdnung ass eng Anomie.
Eng Gesellschaft ouni Herscher ass eng Anarchie, an daat ass NET daat selwescht an et ginn Beispiller fir Gesellschaften ouni Herschaftsstrukturen déi fonktionéiren.
Grommel, du hues jo awer och eng PrivatsphÀre. An mussen dann aaner Leit wessen, waats du gies hues, waats du dir um Internet ukucks, mat weems du wéi oft an wéi laang telefonéiers, bei waat fir en Dokters du wéi oft an wéini gees, waats du mat Kreditkaart keefs, asw? Daat ass dir vlaischt alles egal, mee mir net. Ech hun keng Bock drop, daat aaner Leit daat wessen. Well et se naischt ungeht, net well ech eppes falsch maachen.
Punkto Pirat: Et ass net klauen. Et ass eng Copie maachen. Wanns du een Buch lĂ©is an du mess Copien dovunner hues du d’Buch jo durno och net “geklaut”, oder? (Op Kopiesmaschinnen, Toner an Blieder bezuehlen mer jo sws Ofgaben fir esou Saachen ze kompensĂ©iren, wiesou geht daat net och mam Internet?)
D’KriminalitĂ©it geht net zereck. Oder hues du Beweiser dovir?
Ech hun nach vun kengem “Asozialen” hĂ©iren, deen se gefaast hun, well en am Zuch gefilmt ginn ass. Ech gesin och net manner Vandalismus an denen nĂ©ien kamera-iwerwwachten Zich wĂ©i an denen aalen, dĂ©i et nĂ«t sinn. Wiesou ass et LO A BE MOL wou d’Technologie esou wait ass, daat dĂ©i Kameraen esou belleg an performant sinn (anscheinend) dann effektiv esou fuerchtbaar nĂ©ideg, dĂ©i bĂ©is bĂ©is asozial Vandalen ze filmen, fir se herno awer net ze fĂ€nken?
Ged et net mĂ©i belleg, den Schaffner e bessi mĂ©i oft duerch den Zuch ze schecken an am schlemmsten Fall eben en nĂ©ien Setz ze bezuehlen amplaatz dĂ©ier Kameraen ze installĂ©iren, dĂ©i ethesch fragwĂŒrdeg sinn? Ech well einfach NET den gaanzen Daag gefilmt ginn, wĂ©i ech schreiwen oder telefonĂ©iren oder Musek lauschteren oder an der Nues wullen.
Am Endeffekt hellefen Kameraen naischt oder esou minimal, daat et sech opground vun den Schied an der PrivatsphÀr einfach net lount, der opzehÀnken. Ausserdem sinn se ellen.
Nee, mee wiesou mussen mer emmer reaktionĂ€r alles “bekĂ€mpfen” amplaatz eis d’Ursaachen unzekucken?
fireball:
>Falsch. Eng Gesellschaft ouni Recht an Uerdnung ass eng Anomie. Eng Gesellschaft ouni Herscher ass eng Anarchie, an daat ass NET daat selwescht an et ginn Beispiller fir Gesellschaften ouni Herschaftsstrukturen déi fonktionéiren.
Dat klengt haaptsÀchlech no Semantik. A kanns du wgl en Beispill ginn vun sou Gesellschaften ginn, déi funktionnéieren? An déi optimalerweis mei wie 10 oder sou LÀit duerstellen ;)
>Grommel, du hues jo awer och eng PrivatsphÀre. An mussen dann aaner Leit wessen, waats du gies hues, waats du dir um Internet ukucks, mat weems du wéi oft an wéi laang telefonéiers, bei waat fir en Dokters du wéi oft an wéini gees, waats du mat Kreditkaart keefs, asw? Daat ass dir vlaischt alles egal, mee mir net. Ech hun keng Bock drop, daat aaner Leit daat wessen. Well et se naischt ungeht, net well ech eppes falsch maachen.
Wou hunn ech gesot, dass ‘LĂ€it’ dat wĂ«ssen mussen? Schon guer net gĂ©nĂ©ric ‘aner’ LĂ€it. Au contraire, d”LĂ€it’ mussen dat guer net wĂ«ssen. A brauchen dat och net ze wĂ«ssen. Mee ech fannen et richteg fir die DonnĂ©en Ă«nnert gewĂ«ssen, a STRENGEN, Regelen eng ZĂ€it ze spĂ€icheren fir am Fall, wou een se brĂ€icht (fir zb e Crime opzeklĂ€ren) benotzen ze können. Dat setzt natiirlech en funktionnĂ©ierend, an neutral Justice, viraus der een vertrauen kann … Dat ass natiirlech en effet e Schwaachpunkt. Mee dat ass en organisatoresche Problem, keen prinzipiellen.
>Punkto Pirat: Et ass net klauen. Et ass eng Copie maachen. Wanns du een Buch lĂ©is an du mess Copien dovunner hues du dâBuch jo durno och net âgeklautâ, oder? (Op Kopiesmaschinnen, Toner an Blieder bezuehlen mer jo sws Ofgaben fir esou Saachen ze kompensĂ©iren, wiesou geht daat net och mam Internet?)
Wanns du en ganz Buch kopĂ©iers, dann ass dat och klauen. Just mĂ©cht dat keen, well et sech NET RENTEIERT. Mee digital Kopien sinn jo vill mĂ©i einfach. Dovunner ofgesinn fannen ech dass d’PrĂ€isser zb vum Albummen ganz ok sinn: em die 10 Euro! An dat lo sĂ€it Joeren. Do virdrun huet eng CD oder Plak oft tĂ«schent 600 and 800 Frang kascht, Inflatioun net mat agerechent! Filmer, wann een net emmer just direkt Blockbusteren well kucken, sinn prĂ€isslech och oft ganz ok. An trotzdem man ech heiandsdo Kopien, zumools vun Saachen dĂ©i wahrscheinlech Schrott sinn. Mee QualitĂ©it bezuelen ech. Ech hunn suguer schon mol en Album online geklaut an et dunn offiziell kaaft, well ech et sou gutt fonnt hunn an dat wollt ausdrĂ©cken. An gutt Artisten Ă«nnerstĂ«tzen. Vun mir aus kann den Artist och direkt u mech verkafen, ech brauch d’Plakkefirma net!
>DâKriminalitĂ©it geht net zereck. Oder hues du Beweiser dovir?
D’KriminalitĂ©it OP DEENEN PLAZEN geet manifestement zerĂ©ck. Mee dat ass natiirlech keng global LĂ©isung, do ginn ech der Recht. Mee wat giffs du dann gĂ©int d’KriminalitĂ©it man? Oder giffs de se just maachen loossen??
>Ech hun nach vun kengem âAsozialenâ hĂ©iren, deen se gefaast hun, well en am Zuch gefilmt ginn ass.
Da muss een mol d’Flicen froen firwat dat sou ass, an den System upassen resp. verbesseren. Sou LĂ€it sollen a mussen bestrooft ginn.
>Wiesou ass et LO A BE MOL wou dâTechnologie esou wait ass, daat dĂ©i Kameraen esou belleg an performant sinn (anscheinend) dann effektiv esou fuerchtbaar nĂ©ideg, dĂ©i bĂ©is bĂ©is asozial Vandalen ze filmen, fir se herno awer net ze fĂ€nken?
Fenns du LÀit, déi Vandalismus man net asozial? Fenns du dat ok? An wann een wees, ween et woer, an se net fÀnkt, dann ass dem System och net méi ze hellefen! Ech giff DAT en Skandal fannen.
>Ged et net mĂ©i belleg, den Schaffner e bessi mĂ©i oft duerch den Zuch ze schecken an am schlemmsten Fall eben en nĂ©ien Setz ze bezuehlen amplaatz dĂ©ier Kameraen ze installĂ©iren, dĂ©i ethesch fragwĂŒrdeg sinn? Ech well einfach NET den gaanzen Daag gefilmt ginn, wĂ©i ech schreiwen oder telefonĂ©iren oder Musek lauschteren oder an der Nues wullen.
Vu mir aus können se och Flic’en op Patrull an den Zich schĂ©cken, wann doduerch manner frĂ©ckt gemaach gĂ«t. Den Problem sinn, dĂ©i die et freckt man! An DEI ignorĂ©iers du total. Firwat?
>Nee, mee wiesou mussen mer emmer reaktionĂ€r alles âbekĂ€mpfenâ amplaatz eis dâUrsaachen unzekucken?
Well et méi einfach ass. Well et besser ass, wéi nÀischt ze man an die Kriminell einfach weiderman ze sollen. An well et keen Zaubermëttel gët, vun haut op muer. Nëmmen mat Kuscheltherapie këns de bei LÀit, déi op deem Niveau sinn, och net méi weider.
Natiirlech wier et optimal, wann jidereen Ă«nnert optimalen Konditiounen opwuessen kĂ©int an sech dann och verstĂ€nneg, frĂ€i an respektvill giff verhalen. Ass awer net de Fall. Also muss een OCH mat Bestroofung a Repressioun fueren. Mee ech ginn der Recht, d’Ursaach vum Problem lĂ€it mĂ©i dĂ©if.
Anarchie: D’San an Reche-Mapuche. Sinn Beispiller vun Wikipedia, an mĂ©i wĂ©i 10 Leit, jo. Wanns du mat Kollegen eppes mess ged et jo och keen “Chef”, oder?
Pirat: Ech soen net, daat en alles soll piratéiren, mee déi phyesch Alben fir 10 Euro géif ech gÀren gesinn. Ech well keng DRM-Dateien lueden, déi ech net esou ansetzen kann, wéi ech well. Well dann kaafen ech eng Lizenz fir 10 Euro an keen Album. Well ech net. (Siehe: http://imgs.xkcd.com/comics/steal_this_comic.png)
Wann ech eng Band gudd fannen, kaafen ech mir och Alben. Mee wiesou soll ech d’Copysmaschin net benotzen fir Saachen dĂ©i ech net gĂ©if bezuehlen?
An fir engem eppes ze klauen, muss virdeischt mol een eppes besetzen bzw. zum Verkaaf unbidden (Ladendiebstahl). An dann muss ech dem et och nach wechhuelen, esou daat hien et net méi huet.
Daat ass bei mp3en an Filmkopien net de Fall. Se ginn nĂ©irens esou unbueden an d’Musekindustrie besetzt hier Copien durno och nach emmer.
D’KriminalitĂ©it ass sait Joeren reckleefeg, op manst zu Letzebuerg. Trotzdem brauchen mir mĂ©i Fliquen, mĂ©i Kameraen asw.
Du sprechs dech effektiv fir d’Vorratsdatenspeicherung aus? Yeah, an daat an Zaiten wou mer all Woch eng nĂ©i Meldung iwer geklauten DonnĂ©en krĂ©ien. Natirlech ass daat een Fehler am System, dirft net virkommen, etc. Mee et kennt andauerend vir. An ech well net, daat dat geschidd. Wou DonnĂ©en sinn, hunn och emmer Leit Zougreff drop. Hannert enger Kamera setzt jo een, soss huet se nach vill manner Senn.
Wenn mescht dann alles freckt? Wou sinn dĂ©i Leit dann? Waat ged dann freckt gemaach? Hues de DonnĂ©en? Du klengs wĂ©i wann all Daach en Zuch komplett auserneen geholl gĂ©if ginn – ech fueren immens oft mam Zuch, ech hun awer nach keng eng KĂ©ier Auswierkungen vun Vandalismus am Zuch erliewt.
An main Problem sinn eben net dĂ©i Leit dĂ©i alles futti maachen, mee dĂ©i Leit dĂ©i mech dobai filmen wĂ©i ech ganz normal mam Zuch fueren. Ech well net dobai gefilmt ginn. An well ech wĂ©ineg Schied an den Zich gesinn, kann ech eng Iwerwaachung och net guddheeschen. Mee du hues jo bestemmt lo eng Statisik iwert dĂ©i bĂ©is Vandalen – ech gesinn nĂ€mlech keng.
WĂ©i gesoot: D’KriminalitĂ©it geht rof, mee d’Repressioun geht erop. An ech froen mech, wiesou? Wiesou hunn mer all esou vill Angscht? An virun waat?
>Anarchie: DâSan an Reche-Mapuche
Huh? Wat ass dat? Hunn och um Internet direkt eppes fonnt. WĂ©i grouss sinn dĂ©i ‘Gesellschaften’? A wat hunn dĂ©i sou op d’Been gestallt, alleng?
>Wanns du mat Kollegen eppes mess ged et jo och keen âChefâ, oder?
lol, wann keng DĂ©cisioun ka geholl ginn, oder wann keen eng wĂ«ll huelen, da muss een de Chef spillen an se huelen. Soss blĂ©iwt et Ă©iweg beim DiskutĂ©ieren. Wann engem d’DĂ©cisioun net gefĂ€llt, brauch en jo net matzemaachen.
>Pirat: Ech soen net, daat en alles soll piratéiren, mee déi phyesch Alben fir 10 Euro géif ech gÀren gesinn. Ech well keng DRM-Dateien lueden, déi ech net esou ansetzen kann, wéi ech well. Well dann kaafen ech eng Lizenz fir 10 Euro an keen Album. Well ech net.
Ech schwÀtzen vun digitalen Medien. Hues du nach en Kassetten oder CD Player? Déi meescht lÀit ginn mat DRM eens. Ech hat nach nie Problemer domadder!?
A wat hÀlls de vun dësem Kompromiss: Du klaus der deng DRM-frÀien Album (mat deems de maachen kanns, wats de wells) an keefs dann, wells de jo den Artist respektéiers, och sÀin Album offiziell iwwer iTunes oder wat och ëmmer. Mat der DRM-Versioun mëss de dann wats de wëlls, ass jo egal, wells de och die DRM-frÀi hues. Also, wat hÀlls de dovunner?
>Wann ech eng Band gudd fannen, kaafen ech mir och Alben. Mee wiesou soll ech dâCopysmaschin net benotzen fir Saachen dĂ©i ech net gĂ©if bezuehlen?
D’accord. Mee lo ginn mer schon mĂ©i nuancĂ©iert. Fir en Schrottfilm wĂ©ilt ech och kee vollen PrĂ€is bezuelen, well ech mech do verarscht fillen an ech nĂ«mmen QualitĂ©it belounen wĂ«ll.
>An fir engem eppes ze klauen, muss virdeischt mol een eppes besetzen bzw. zum Verkaaf unbidden (Ladendiebstahl). An dann muss ech dem et och nach wechhuelen, esou daat hien et net mĂ©i huet. Daat ass bei mp3en an Filmkopien net de Fall. Se ginn nĂ©irens esou unbueden an dâMusekindustrie besetzt hier Copien durno och nach emmer.
Papperlapapp. Dat ass nees Semantik. FAKT bléiwt: Du (an och ech zum Deel) verschaafs der AccÚs zu artisteschen Material OUNI ze bezuelen. Dat ass KLAUEN. Op den Artist déi Saachen henno nees séier kopéieren kann oder net ass egal. Wat bléiwt ass: Du bezills NET fir sÀin kreativen Akt mat deem hier sÀin Liewensennerhalt verdëngt.
>Du sprechs dech effektiv fir dâVorratsdatenspeicherung aus? Yeah, an daat an Zaiten wou mer all Woch eng nĂ©i Meldung iwer geklauten DonnĂ©en krĂ©ien. Natirlech ass daat een Fehler am System, dirft net virkommen, etc. Mee et kennt andauerend vir. An ech well net, daat dat geschidd. Wou DonnĂ©en sinn, hunn och emmer Leit Zougreff drop. Hannert enger Kamera setzt jo een, soss huet se nach vill manner Senn.
Wéi mengs de dann hunn se deslÀscht all die PÀdophilen-Rënger ausgehuewen an die LÀit identifizéiert? Wann sou eppes mat der Datenvorratsspeicherung gemaach ka ginn, sinn ech dofir. Dat selwecht fir soss kriminell Aktivitéiten.
>Wenn mescht dann alles freckt? Wou sinn dĂ©i Leit dann? Waat ged dann freckt gemaach? Hues de DonnĂ©en? Du klengs wĂ©i wann all Daach en Zuch komplett auserneen geholl gĂ©if ginn – ech fueren immens oft mam Zuch, ech hun awer nach keng eng KĂ©ier Auswierkungen vun Vandalismus am Zuch erliewt.
Verschidden Bus- an Zuchlinien gesinn schĂ©in ramponĂ©iert aus. An dat selwecht hei giff och fir Graffiti, etc gĂ«llen, wou jo deslĂ€scht nees e puer ganz Intelligenter duerch d’Stad gegeeschtert sinn.
En plus, an wivill Bussen an Zich sinn die Kamera’en en effet installĂ©iert? Hues du do eng Zuel?
>An main Problem sinn eben net dĂ©i Leit dĂ©i alles futti maachen, mee dĂ©i Leit dĂ©i mech dobai filmen wĂ©i ech ganz normal mam Zuch fueren. Ech well net dobai gefilmt ginn. An well ech wĂ©ineg Schied an den Zich gesinn, kann ech eng Iwerwaachung och net guddheeschen. Mee du hues jo bestemmt lo eng Statisik iwert dĂ©i bĂ©is Vandalen – ech gesinn nĂ€mlech keng.
Do lĂ€it de Problem. Du (an aner LĂ€it wĂ©i d’ASTI, etc) gesinn NIE dĂ©i LĂ€it die eppes futti man, dĂ©i die kriminell sinn, etc. Die LĂ€it also wĂ©inst deenen iwwerhaapt rĂ©ischt sou Kamera’en etc installĂ©iert ginn! Dat ass hypokritesch an en duebelen Standard.
>WĂ©i gesoot: DâKriminalitĂ©it geht rof, mee dâRepressioun geht erop.
Kanns de dat duerch Statistiken beléen?
>An ech froen mech, wiesou? Wiesou hunn mer all esou vill Angscht? An virun waat?
Virun Kriminalitéit (off- an online), Vandalismus, etc.
Correctioun:
>>Anarchie: DâSan an Reche-Mapuche
Huh? Wat ass dat? Hunn och um Internet NET direkt eppes fonnt. WĂ©i grouss sinn dĂ©i âGesellschaftenâ? A wat hunn dĂ©i sou op dâBeen gestallt, alleng?
Anarchie: http://de.wikipedia.org/wiki/Anarchie#Gesellschaftsordnungen_indigener_Kulturen
Wiesou mussen dĂ©i lo eppes “fĂ€rdeg” bruecht hunn? Wiesou kann een Decisiounen net och no Konsens treffen?
Piraterie: Do kann en lo eiweg diskuteiren, mee menger Meenung no ass eng Kopie net mat Ladendiebstahl glaichzesetzen. Weder Semantesch nach rechtlech. Net all Kopie wier och een Kaaf, also kanns de net soen daat wier “entganger Nutzen”. Mee daat ass jo genau daat Denken, waat vun der Musekindustrie propagĂ©iert ged. Kulturflatrate!
Ech kĂ©int mol naischt bei iTunes kaafen, well ech keng Kreditkaart hun – an bis lo hun ech hei am Land nach keng Prepaidkaarten fonnt.
Ech gesinn virun allem Leit, dĂ©i sech iwer Vandalen opreegen – mee du hues jo bestemmt DonnĂ©en doriwer? Ech soen net, daat et keen ged an daat en naischt dogĂ©int soll maachen, mee ech fannen notzlos Kameraen dĂ©i meng PrivatsphĂ€r verletzen awer den falschen Wee. An ech well den Iwerwaachungsstaat net an Kaaf huelen, just well et e puer Vandalen an Terroristen ged an d Politik just Repressioun an Iwerwaachung anfaalen. Fir Kameraen sinn Souen do, fir Sozialhellef net?
Kannerpornographie: Et ged och ouni Vorratsdatenspeicherung genuch Mettel, fir géint esou Leit firzegoen. Et muss en dofir net direkt all Mensch enner Generalverdacht stellen.
Ech wees net, ob et nach vill Senn huet, wéider ze diskutéiren, well mir allen zwee eis Standpunkter hunn an wahrscheinlech net dovunner ofwaichen wÀrten. Ech maachen vlaischt mol en Artikel héi, wou ech op verschidden Saachen méi genee anginn.
fireball:
>Anarchie: http://de.wikipedia.org/wiki/Anarchie#Gesellschaftsordnungen_indigener_Kulturen
Dat do sinn lo ZWOU archaĂ«sch Gesellschaften, mat tĂ«schent 40 an 200 LĂ€it pro Grupp. WĂ©i kanns du dĂ©i als Beispill huelen fir eis Zort vun Gesellschaften mat Milliounen, voir Milliarden LĂ€it? Anarchie kann am Frendeskrees funktionnĂ©ieren (an dann nach), awer soss quaisi nĂ©irens. Ech verstinn net, wĂ©i Lenksromantiker d’Anarchie esou verĂ©ieren an zelebrĂ©ieren kĂ«nnen, wann et en System ass, deen (ab enger relativ klenger Zuel Memberen) no kierzester ZĂ€it implodĂ©iert.
>Wiesou mussen dĂ©i lo eppes âfĂ€rdegâ bruecht hunn?
Sie MUSSEN net. VillĂ€icht sinn sou anarchĂ«sch Hunterer & Gatherer Tribes am Dschungel jo wirklech mĂ©i glĂ©cklech, schwĂ©ier ze soen. Mee ech wĂ©ilt net op eng ganz RĂ«tsch Errungenschaften vun eisen net-anarcheschen Gesellschaften verzichten: ElektrizitĂ©it, e schĂ©int Bett an engem waarmen, stabilen Haus, Bicher, etc. FAKT blĂ©iwt: anarchĂ«sch Gesellschaften brĂ«ngen keen FortschrĂ«tt (an ech supposĂ©ieren lo mol dass deen meeschten FortschrĂ«tt gutt ass), sie stagnĂ©ieren. An d’Anarchie widdersprĂ©cht der mĂ«nschlecher Intuition: et sinn Ă«mmer LĂ€it, dĂ©i mĂ©i motivĂ©iert (an/oder clever) sinn, wĂ©i aneren. DĂ©i wĂ«llen weiderkommen, fĂ©ieren, etc. An vill aner LĂ€it hunn gĂ€ren en Leader an zĂ©ien einfach mat.
>Wiesou kann een Decisiounen net och no Konsens treffen?
Uh … wat fir DĂ©cisiounen sollen dann do rauskommen? Sinn DĂ©cisiounen an Anarchie net e Widdersproch usech? A wĂ©i giffs de zou deenen DĂ©cisiounen kommen? Per MajoritĂ©it? Dat klengt awer dann net enorm anarchesch … eischter demokratesch.
A wĂ©i oft hunn ech schon mat FrĂ«nn diskutĂ©iert, wat een dann lo, zb, den Samsden den Owend soll man. Dann geet et hin an hier, deen een huet, dĂ©i Iddien, deen aneren anerer, etc. A wann een sech net vum selwen op eemol eenegt, dann muss een d’Initiativ huelen a soen: sou, ech proposĂ©ieren lo dat hei. Ween mat man wĂ«ll, mĂ«cht mat. Ween dat net wĂ«ll, mĂ«cht eben net mat. Anerernfalls blĂ©iwt een bis Mokusdag do sĂ«tzen an hĂ«llt keng DĂ©cisioun.
Anarchie ass eng onméiglech Gesellschaftsform, déi nëmmen vun naiven Utopisten kann vertrueden ginn. Naiv Utopisten, déi awer gÀren all die Moyen benotzt, déi die net-anarchesch Gesellschaft (an hier ViergÀnger) produzéiert hunn.
>Piraterie: Do kann en lo eiweg diskuteiren, mee menger Meenung no ass eng Kopie net mat Ladendiebstahl glaichzesetzen. Weder Semantesch nach rechtlech. Net all Kopie wier och een Kaaf, also kanns de net soen daat wier âentganger Nutzenâ. Mee daat ass jo genau daat Denken, waat vun der Musekindustrie propagĂ©iert ged. Kulturflatrate! Ech kĂ©int mol naischt bei iTunes kaafen, well ech keng Kreditkaart hun – an bis lo hun ech hei am Land nach keng Prepaidkaarten fonnt.
Klauen ass klauen. An du hues net genau erklĂ€rt, firwats de net en DRM-Album offiziell kafen giffs (well een numol engem Artist seng Leeschtung bezuelen soll an deen jo och vun eppes liewen muss) an der doniewent dann deen selwechten Album DRM-frĂ€i irgendwou roflueds fir dann domadder maachen ze kĂ«nnen, wats de wĂ«lls? Deng Ăntwert giff mech interessĂ©ieren.
Dass net all Kopie en Kaf wier, do ginn ech der absolut Recht. Ech hunn Lidder op mengem iPod, déi hunn ech nach nie gelauschtert an wÀert dat wuel och nie. Kaaft hÀtt ech se natiirlech nie. Mee et geet net em déi. Et gët em déi, déi een en effet lauschtert (also benotzt). DEI Musek misst een bezuelen, soss ass et klauen. An natiirlech sinn ech do och net 100% konsequent. Mee ech ginn awer am Géigensaatz zu dir zou, dass ech do am Fong klauen. Och wann ech mer dat schéinrieden ;)
Firwat hues de keng Kreditkaart? Aus ideologëschen oder finanziellen Grënn?
>Ech gesinn virun allem Leit, dĂ©i sech iwer Vandalen opreegen – mee du hues jo bestemmt DonnĂ©en doriwer?
Ech hat dech gefrot ops du eng genau Zuel hĂ€ss, wĂ©ivill Kamera’en an wĂ©ivill Bussen an Zuchen giffen hĂ€nken? Hues de dĂ©i oder net?
Wat den Vandalismus ugeet, sou ass deen an verschiddenen Bussen an Zich offensichtlech. An den Graffiti-Dreck gesÀit een och an der Stad un all zweeter Mauer.
Du hues och meng Fro ignorĂ©iert (genau wĂ©i d’ASTI dat emmer mĂ©cht), firwat d’TĂ€ter net och responsabilisĂ©iert, oder ugeschwat, ginn? Emmer ass et de bĂ©isen Staat, mee nie gĂ«t iwwert den DrogenhĂ€ndler, den Vandale oder den Graffiti-Sprayer geschwat …. Dat ass hypokritesch.
>An ech well den Iwerwaachungsstaat net an Kaaf huelen, just well et e puer Vandalen an Terroristen ged an d Politik just Repressioun an Iwerwaachung anfaalen.
Gëff mer och wgl en Beispill vun Répressioun, ders du oder soss een, ausgesat ass?
>Fir Kameraen sinn Souen do, fir Sozialhellef net?
An ech sinn och fir Sozialhëllef, mee sie muss intelligent an efficace sinn. An nët nëmmen aus fidderen an Streicheltherapie bestoen.
>Kannerpornographie: Et ged och ouni Vorratsdatenspeicherung genuch Mettel, fir géint esou Leit firzegoen.
Wat fir eng Mëttelen wieren dat? Wéi giffs de déi LÀit kréien ouni op hier Verbindungsdaten oder Kreditkaartendaten zereck grÀifen ze kënnen?
>Et muss en dofir net direkt all Mensch enner Generalverdacht stellen.
D’LĂ€it ginn net Ă«nner Generalverdacht gestallt. Die DonnĂ©en ginn just gespĂ€ichert fir se am Noutfall benotzen ze kĂ«nnen. Wat ass dorunner schlecht?
>Ech wees net, ob et nach vill Senn huet, wéider ze diskutéiren, well mir allen zwee eis Standpunkter hunn an wahrscheinlech net dovunner ofwaichen wÀrten.
VillÀicht. Mee ech hoffen jo eis Standpunkter baséieren op Argumenter a Fakten an nët nëmmen blannen Ideologien? Am éischten Fall kéint een eppes bÀiléieren, am zweeten net.
>Ech maachen vlaischt mol en Artikel héi, wou ech op verschidden Saachen méi genee anginn.
Ech sinn gespaant a fréen mech drop!
Schéinen Sonnden nach :)
zum Thema Anarchie: Ech mengen do lait en semanteschen/VerstĂ€ndnissproblem bei dir vir, soss wĂ©iĂt du wuehl, daat en an enger Anarchie och Decisiounen treffen kann (och basisdemokratescher) Iwregens hun an Spuenien dĂ©i Gebidder, dĂ©i anarachistesch organisĂ©iert waaren, mĂ©i produzĂ©iert wĂ©i aanerer.
An wou ech eppes verherrlechen, well ech dech drop hinwéisen, daat Anomie an Anarchie net daat selwescht ass, gesinn ech net.
Wann ech DRM-Fichieren kaafen an mp3en eroflueden sinn ech trotzdem an der IllegalitĂ©it. Waat also brengt et mir, ausser dem gudden Gewessen “den Kenschtler ennersetzt” ze hunn (waat an denen meeschten FĂ€ll esou eppes vun egal ass, well et dem Kenschtler vill mĂ©i Souen brengt, wann ech op seng Konzerten ginn, well op Albenverkeef keen mĂ©i esou richteg vill verdengt). An fir d’Lescht: Ech kaafen Alben. An ech fannen et eben legitim, eng Copiesmaschin ze benotzen, wann se do steht.
WĂ©ivill SchĂŒler mat Kreditkaart kenns du?
Wiesou setzt du mech emmer mat der ASTI glaich? Waat huet d’ASTI mat Kameraen an Iwerwaachung ze dinn? D’ASTI kemmert sech mĂ©i oder manner gudd em Migranten.
Ech hun schon e puer mol gesoot, natirlech ass daat net gudd, natirlech mussen déi Leit bestrofft ginn, mee wiesou sollt ech drenner leiden, daat fir daat Ziel ze ereechen oneffikass an privatsphÀr-schiedegend Methoden angesaat ginn?
Vorratsdatenspeicherung =/= Notzung vun Verbindungsdaten. An nee, lo well ech net mĂ©i wĂ©iderdiskutĂ©iren. Well mat Leit dĂ©i net informĂ©iert sinn mescht et keen SpaĂ. Well ech fannen dain Onwessen genausou oncool wĂ©i den Fakt, daats de mir virwerfs, op blannen Ideologien ze argumentĂ©iren.
>Ech mengen do lait en semanteschen/VerstĂ€ndnissproblem bei dir vir, soss wĂ©iĂt du wuehl, daat en an enger Anarchie och Decisiounen treffen kann (och basisdemokratescher)
A wĂ©i ginn dĂ©i getraff? Wat wann zevill verschidden Meenungen do sinn? GĂ«t eng anarchesch Gesellschaft duerch ‘vote par majoritĂ©’ gestĂ©iert? Wat ass dann nach anarchesch drun?
> Iwregens hun an Spuenien déi Gebidder, déi anarachistesch organiséiert waaren, méi produzéiert wéi aanerer.
Vu wat schwĂ€tzt du? Beispiller wgl. An wat genau hunn, zb, Anarchisten erfonnt oder gemaach, wat d’Welt weiderbruecht hĂ€tt?
>An wou ech eppes verherrlechen, well ech dech drop hinwéisen, daat Anomie an Anarchie net daat selwescht ass, gesinn ech net.
Wat ass denger Meenung no deen idealen Gesellschaftstyp dann?
>Wann ech DRM-Fichieren kaafen an mp3en eroflueden sinn ech trotzdem an der IllegalitĂ©it. Waat also brengt et mir, ausser dem gudden Gewessen âden Kenschtler ennersetztâ ze hunn (waat an denen meeschten FĂ€ll esou eppes vun egal ass, well et dem Kenschtler vill mĂ©i Souen brengt, wann ech op seng Konzerten ginn, well op Albenverkeef keen mĂ©i esou richteg vill verdengt).
Ech hat jo gesot, dat do wier en Kompromiss, wĂ©is de op der enger SĂ€it kĂ©ins mat dengen StĂ©cker man, wats de wĂ«lls and glĂ€ichzĂ€iteg awer och den Artist fir seng Arbecht bezills. Och wann just en Deel un hien geet (mee dann sollen d’Artisten halt hier Musek direkt online selwer verkafen?). An gees du wirklech op all Concert vun all Grupp deren Museks du lauschters an gutt fĂ«nns? Giff mech wonneren, zumools well Concerten oft mĂ©i dĂ©ier sinn wĂ©i en Download oder eng CD.
>An fir dâLescht: Ech kaafen Alben. An ech fannen et eben legitim, eng Copiesmaschin ze benotzen, wann se do steht.
Den Createur (oder deen d’Copyright huet) giffen der do natiirlech vehement widderspriechen. An et blĂ©iwt klauen, wanns du eppes benotzt (dat eppes kascht) ouni ze bezuelen. Do kanns du dech drĂ©inen wĂ©is de wĂ«lls.
>Wiesou setzt du mech emmer mat der ASTI glaich? Waat huet dâASTI mat Kameraen an Iwerwaachung ze dinn? DâASTI kemmert sech mĂ©i oder manner gudd em Migranten.
Deng Argumentatiounsweis erennert mech un d’ASTI: dĂ©i, die sie verteidegen hunn niiiiiiiie eppes falsch gemaach.
>Ech hun schon e puer mol gesoot, natirlech ass daat net gudd, natirlech mussen déi Leit bestrofft ginn, mee wiesou sollt ech drenner leiden, daat fir daat Ziel ze ereechen oneffikass an privatsphÀr-schiedegend Methoden angesaat ginn?
‘net gutt’? et ass SCHLECHT a FALSCH.
Wanns du wirklech fënns, dass déi LÀit bestrooft sollen ginn, dann schlo eng Method fir, fir se ze fannen oder ze verhënneren, dass sie hieren SchÀiss man?
>WĂ©ivill SchĂŒler mat Kreditkaart kenns du?
Die meescht Studenten, dĂ©i ech kennen hunn eng Visa-Kaart. Mee du bass nach SchĂŒler hei zu Letzebuerg? Hm, wees net. Hautzudags kĂ©int een jo sĂ€in TĂ«schegeld (oder wat een sech soss verdĂ«ngt) iwwerwiesen krĂ©ien an dann mat enger Kreditkaart benotzen? Wann d’Elteren Bierg stinn oder wĂ©i och emmer …
>Vorratsdatenspeicherung =/= Notzung vun Verbindungsdaten. An nee, lo well ech net mĂ©i wĂ©iderdiskutĂ©iren. Well mat Leit dĂ©i net informĂ©iert sinn mescht et keen SpaĂ. Well ech fannen dain Onwessen genausou oncool wĂ©i den Fakt, daats de mir virwerfs, op blannen Ideologien ze argumentĂ©iren.
Wéis du wëlls.
Anarchie: Siehe den schon verlinkten Wikipediaantrag.
Ideal Gesellschaftsform: Anarchie, an enger utopescher Welt.
Kompromess: Artisten dĂ©i hier Musek selwer verkaafen maachen daat an ordentlechen Formater. An dĂ©i kaafen ech och. Ech hun d’Lescht Joer mĂ©i Geld fir Konzerten wĂ©i fir Musek ausginn. An op Konzerten CDen kaaft.
An et ass net klauen. :-P
Wou hunn ech weg. gesoot daat Vandalismus net falsch ass? Ech soot just, daat ech an menger persĂ©inlecher Erfahrung net als groussen Problem wouerhuelen. Ech verteidegen keen, daat reims du dir zesummen – an ech kommen net dovunner lass, daat hĂ©i en groussen Batz Virurdeeler matspillen?
Kameraen an Iwerwaachung sinn also probat Mettelen gĂ©int Vandalismus? Hues du DonnĂ©en dozou? Virwaat soll *ech* eppes virschloen, well “PrĂ€ventioun” ass fir dech jo emmer direkt “Kuscheltherapie”. Daat erennert mech bĂ©is un Stammdeschniveau.
Wann ech SchĂŒler soen, mengen ech SchĂŒler. Esouvill TĂ€schengeld krĂ©ien ech net, daat et sech gĂ©if lounen, eng Kreditkaart dofir opzemaachen. An aaneren LĂ€nner kann een um Internet mat enger Majestro-Kaart bezuehlen – mee zu Letzebuerg muss en jo schon Visa hunn fir en VĂ©lo ze lĂ©inen.
Wéi gesoot, ech mengen et ass besser ech maachen en lÀngeren Post an huelen mer Zait fir Donnéen ze sichen wéi emmer schnell ze kommentéiren. Well wéi gesoot, ech schÀtzen dech als Diskusiounspartner, mee op manst bei dem leiten Thema schengt dach villes mat Virurdeeler belaascht ze sinn (wahrscheinlech och vun menger Sait aus).
>Anarchie: Siehe den schon verlinkten Wikipediaantrag.
>Ideal Gesellschaftsform: Anarchie, an enger utopescher Welt.
Ok, mee déi gët et jo net. Ausser du gleews un den Himmel oder sou. Wat ass dann deng ideal Gesellschaftsform an DESER Welt?
>Kompromess: Artisten dĂ©i hier Musek selwer verkaafen maachen daat an ordentlechen Formater. An dĂ©i kaafen ech och. Ech hun dâLescht Joer mĂ©i Geld fir Konzerten wĂ©i fir Musek ausginn. An op Konzerten CDen kaaft.
Ok. Dann klaus de jo net nëmmen ;)
>Wou hunn ech weg. gesoot daat Vandalismus net falsch ass? Ech soot just, daat ech an menger persĂ©inlecher Erfahrung net als groussen Problem wouerhuelen. Ech verteidegen keen, daat reims du dir zesummen – an ech kommen net dovunner lass, daat hĂ©i en groussen Batz Virurdeeler matspillen?
Du hues gesot et wier net gutt, wat net dat selwecht ass, wéi ze soen, dass et falsch ass. Dat selwecht gëlt fir Drogendealer, etc. Ech fannen et gutt, dass déi verfollegt an bestrooft ginn. Du net?
>Kameraen an Iwerwaachung sinn also probat Mettelen gĂ©int Vandalismus? Hues du DonnĂ©en dozou? Virwaat soll *ech* eppes virschloen, well âPrĂ€ventiounâ ass fir dech jo emmer direkt âKuscheltherapieâ. Daat erennert mech bĂ©is un Stammdeschniveau.
Sie sinn probat Mëttel géint Vandalismus, Drogenkriminalitéit, etc. Sie léisen die Problemer sécher net. Mee sie verklengeren se, well mei LÀit ofgeschreckt ginn. Wann een nie bestrooft gët, wat soll een dann fÀrten?
Firwat solls du nĂ€ischt virschloen? Et ginn Problemer: Vandalismus, Drogenverkaf, etc. Et gĂ«t probĂ©iert deenen mat Kamera’en entgĂ©int ze trieden. Wann dir dat net gefĂ€llt, wĂ©i giffs du et man? Oder einfach d’LĂ€it weider Drogen verkafen loossen resp. Saachen frĂ©ckt man?
>Wann ech SchĂŒler soen, mengen ech SchĂŒler. Esouvill TĂ€schengeld krĂ©ien ech net, daat et sech gĂ©if lounen, eng Kreditkaart dofir opzemaachen. An aaneren LĂ€nner kann een um Internet mat enger Majestro-Kaart bezuehlen – mee zu Letzebuerg muss en jo schon Visa hunn fir en VĂ©lo ze lĂ©inen.
Ok. An dat mat de Velo’en ass en effet krass. Ass awer zu ParĂ€is zb och sou. Ech mengen awer, dass een op bĂ©iden Plazen och eng Maestro LĂ©isung huet, sinn awer lo net ganz sĂ©cher.
>Wéi gesoot, ech mengen et ass besser ech maachen en lÀngeren Post an huelen mer Zait fir Donnéen ze sichen wéi emmer schnell ze kommentéiren. Well wéi gesoot, ech schÀtzen dech als Diskusiounspartner, mee op manst bei dem leiten Thema schengt dach villes mat Virurdeeler belaascht ze sinn (wahrscheinlech och vun menger Sait aus).
Ok, an d’selwecht. Mir sinn och net total opposĂ©iert, mir hunn halt just gewĂ«ss Differenzen op gewĂ«ssen Punkten ;)
Pingback: Fireball’s Weblog - (enjoying the postapocalypse) » Blog Archive » Piraten in Luxemburg