Podcast: Angscht a Schrecken op enger Insel virun Marseille

Wenn man auf eine Insel eingeladen wird, muss man die Einladung annehmen. Denn so schnell und gĂĽnstig kommt man normalerweise nicht vom europäischen Festland weg, und wenn es nur 20 Minuten sind. Aber wie so oft entwickelte sich eine anfangs lustige Bootfahrt mit der Zeit zu einem wahren Horrortrip…


MP3-Download Podcast: Angscht a Schrecken op enger Insel virun Marseille

Die Musik stammt von Revolution Void und steht unter einer cc-Lizenz.

Achtung! Der alte Switchpod-Feed funktioniert nicht mehr! Ich bitte euch deshalb, den Feedburner-Feed zu abonieren, da ihr ansonsten keine Benachrichtigungen ĂĽber neue Folgen mehr bekommen werdet!

A&S Podcast Feed ¦ A&S in iTunes oder anderem Podcatcher abonnieren ¦ A&S im iTunes Katalog

Wann een als Gonzojournalist an enger grousser Stadt wĂ©i Marseille ass, kennt en net laanscht eng gewess Reih vun Manifestatiounen, un denen een muss deelhuelen. Dann ginn et nach aaner Manifestatiounnen, un denen een dĂ©i grous Chance huet, fir deelzehuelen. An genee esou een Event waat d’Besichtegung vun enger Insel virun Marseille, wou en Projet fir eng nĂ©i Konschtplaatz sollt virgestallt ginn.

Am Fong sollten just d’Direkteren vun den verschiddenen Direktiounen, also den Gemengerservicer vun der Gemeng vun Marseille un der Visite deelhuelen. DĂ©i hun hier Beamten mat angelueden, an dĂ©i hun erem mech mat angelueden. Esou koum et, daat main Numm op enger Lescht stoung an ech quasi en gellenen Ticket fir d’Fähr, dĂ©i extra fir eis reservĂ©iert waar, kruut.

Virun Marseille ged et eng ganz Rescht vun Inselen dĂ©i zum Groussdeel relativ onbewunnbar sin an daat och meeschtens sin. Eng vun denen Inseln ass d’ ĂŽle d’If, wou d’ Châteaux d’If drop steht. Weem daat naischt seet, den kann sech jo em Chreschtdaag eng vun denen selleschen Verfilmungen vum Christophe Dumas sengem Roman “Le Compte de Monte Christo” ukucken an rausfannen, waat ech dann elo gemengt hun.

Mee ech sollt net een ehemolen Prisong besichtegen, mee eng ehemoleg Clinique. DĂ©i hun se frĂ©iher gebaut, fir d’Leit do an Quarantän ze setzen, falls se irgendeng Krankheet haaten, dĂ©i e bessen mĂ©i unstichend an/oder gefĂ©ierlech waar wĂ©i de Schnapp.

D’Fähr haat e bessi mat dem staarken Wand ze kämpfen, den fir eng retsch vun heigen Wellen gesuergt huet. Ech hun bei Turbulenzen an der Loft an am Wasser emmer dĂ©i selwescht gesond Anstellung: et ass eng gratis Achterbunn. Allerdengs wees ech nie, wĂ©i dĂ©i aaner Leit denken an virun allem kann een jo nie wessen, wĂ©i fest de Mo vun der Persoun ass, dĂ©i nirwt engem setzt. Et leeft een also Gefohr, op d’Feiss gekatzt ze krĂ©ien.
Ausserdem ass et schon … beandrockend, wann d’Wellen andauerend geint dĂ©i dann dach relativ denn Fenstern schloen an een erklärt kritt, waat een muss maachen, fir net sĂ©ikrank ze ginn.

D’Gemeng vun Marseille huet hieren Beamten alleguerten en portablen Telefon kaaft, fir den Dengschtansaatz eben. Daat flott dorunner ass, daat se alleguerten ze ereeschen sinn. Den Nodeel dovunner ass, daat se alleguerten dĂ©i selwescht Standartschell angestallt hun, dĂ©i ziemlech dämlech klengt. Angscht a Schrecken waar och op deser Fähr. An si wollten net op d’ĂŚle d’If den Graf vun Monte Christo besichen goen, mee och sie waaren op de Wee op dĂ©i Besichtegung vun der ehemoleger Clinique.

No der Scheffsfahrt, dĂ©i mir iwregens iwerstaanen hun, ouni daat irgendeen mir op d’Feiss gekatzt huet, ass et dunn mat engem klengem Touristenzichelschen Richtung Schlass gaangen. Net, daat een net hätt kĂ©inen dĂ©i 20 Minuten zu Fouss goen, mee et ass jo souvillmol mĂ©i flott, wann sech heich Gemengenbeamten an gewiehlte Lokalpolitiker sech an en vill ze enken Touristenzichelschen drecken, fir dann iwert eng krichsgefaangenähnlech Lautsprecheranlaag e puer Erklärungen zur Insel ze krĂ©ien. Ween och emmer sech daat ausgeduercht haat, en haat endweder en gudde Senn fir Ironie oder en eng extrem komesch Unsicht vun der RealitĂ©it.
Main Gefill huet mir gesoot, daat et wahrscheinlech Leider daat zweet waar, waat d’Dosis vun Angscht a Schrecken verdubelt huet. Waaren esou aal Ruinen eigentlech net d’Lieblingspillplaatz vun Drogenverreckten, Autosklauerten an Leit, dĂ©i sech als Elfen verkleeden?

Bei der Clinique ukomm, hun ech virdeischt mol festgestallt, daat een d’Leit zwaar op eng Insel gescheckt huet, fir do un Krankheeten wĂ©i der Pescht, Cholera, Lepra an aaneren mat Antibiotika an soss bellegen Medikamenten heelbaren ze stirwen, mee op manst konnten se daat do mat Stil maachen. D’Runinen vun der Clinique hun duerchschĂ©inen geloss, daat dat ganzt fir dĂ©i deemoleg Verhältnisser eng Aart Club Med waar. An domadder fir vill Kranker wahrscheinlech eng dramatesch Verbesserung vun hiren Liewensemstänn. Ok, wahrscheinlech just esou laang, bis se sech mat denen aaneren 23 Krankheeten vun der Insel ungestach haaten an net emol main fiktiven medizineschen Held, den wĂ©i en Gebai heescht, se hätt kĂ©inten retten kennen.

Normalerweis ged een bei esou Virstellungen jo virdeischt mol begreisst an muss sech mĂ©i oder manner laang Rieden unhĂ©iren. HĂ©i waar daat ganzt anescht. Et gouf en Buffet mat ongefĂ©iher 6 verschiddenen Zorten Chips an soss KnabberĂ©ien an op manst genausouvill verschidden Appteratifen, un denen sech natirlech direkt staark servĂ©iert gin ass. Wann een an der Stadt vum Pastis ass, därf een net erwaarden, daat d’Leit Waaser drenken.

Nodeem jiddereen een oder zwee Glieser Aperatif erof haat, sin mer dun an en klengen Raum geruff gin, an dem et angenehm kill an daischter waar. Verschidden Leit sollten verschidden Deeler vun dem Projet virstellen. Wéi emmer, wann Leit onofhängeg vunneen computergesetzten Präsentatiounen erschaffen, wiederhuelen se op manst 30% vum dem, waat déi aaner Leit och soen.
Ausserdem schengt et zu Marseille eng immens komesch Virleif zu der grausamer Schreft “Comic Sans” ze gin, déi net nemmen menger Meenung no en Verbriechen un der Typographie ass.

Angscht a Schrecken sin mĂ©i grouss gin. Offensichtlech ass hĂ©i einfach mol drop lass renovĂ©iert ginn, ouni genee ze wessen, waat herno aus der fresch renovĂ©ierter Clinique soll entstoen. En Kultuzentrum waar d’Idee, dĂ©i emmer erem opgetaucht ass. An ebenfalls verdächteg oft ass vun “Marseille 2013” geschwaat gin. Marseille huet seng Canidature gestallt, fir europäesch Kulturhaaptstadt fir d’Joer 2013 ze gin. Esou wĂ©i Letztebuerg et 2007 waar, just eben ouni bloen Hierscht. Vlaischt huelen se zu Marseille jo daat blot Pastisglas oder esou eppes.

Den Problem bei dem ganzen waar folgend: Et sin un sech keng Souen do, fir daat ganzt bis 2013 ze realiséiren, et de Projet ass awer emmer an Hibleck dorobber virgestallt gin. Eng interessant Strategie, déi esouguer kéint opgoen, wann et genuch Pastis gouf.

Meng Begleedung huet mech op een Deel vun der Insel bruecht, den net esou flott ausgesin huet. Virdeischt mol ass daat ganzt keng greng Insel, mee eischter eng Aart Wüst oder Stepp mat weinegen Pflanzen déi dem Klima iwerhaat gewues sin. Dann gouf et nach Bunkeranlaagen aus dem zweeten Weltkrich. Echt Nazibunker aus bronggroem Betong op enger Insel virun Marseille. Ween hätt daat geduercht?
Angscht a Schrecken haaten mech. Kuerz virun Marseille gouf et eng Insel mat aalen Nazibunkern, Ruinen vun Cliniquen déi einfach esou aus Spass un der Freed erem opgebaut gin an wahrscheinlech waar daat ganzt eng Heichbuerg fir Drogenverreckter an Elfenmederscher.
Daat enzegt, waat lo nach gehollef huet, waar d’Flucht mat enger speziell zu desem Zweck gelounter Fähr…

Leave a Reply