
Ich hab tatsächlich bei einem LOLcatzbild gelacht. Nein, eigentlich waren es sogar zwei: Bei diesem und bei dem hier.
Ich hab tatsächlich bei einem LOLcatzbild gelacht. Nein, eigentlich waren es sogar zwei: Bei diesem und bei dem hier.
This entry was posted
on Thursday, January 24th, 2008 at 23:15 and is filed under Links und so....
You can follow any responses to this entry through the RSS 2.0 feed.
You can leave a response, or trackback from your own site.
Tagged:habt mich doch alle mal gern
January 25th, 2008 at 9:09
Verschiddener sinn en effet guer net onwitzeg :)
January 25th, 2008 at 9:18
Jo ech mengen do hu mer et mat engem integralen Gesellschaftsabstieg ze din. Och ech hu bei deem éischten gelaacht.
January 25th, 2008 at 12:58
Ech hun zwar léiwer déi mat de Wuertspiller, wi deen heiten z. Bsp.:
http://mine.icanhascheezburger.com/View.aspx?Whenthemoonhi128424913866786250.jpg
January 25th, 2008 at 14:18
Jo, dat war et da wuel mam Revoluzzerdosinn.
Du bass lo offiziell e Riedche vun der Gesellschaft. ;)
Gleew mer, lo geet et ganz séier, da sinn d’Rasta ab, de Piercing räus, du frees dech wéi et geet, mee du schaffs schon op engem Büro an der Stad an fiers all Dag net mam Bus, mee mat engem VW Touareg op d’Aarbecht. Während dem Wee dohin, dréis de den RTL méi haart, wann de Garou, de Bryan Adams oder Bon Jovi gespillt ginn. Dee Blog hei besteet da gréisstendeels nach aus Youtube Videoen a Links, du abonnéiers a lies “d’Wort” a wiels DP. Du gees net méi a Caféen, héchstens nach an hip Szenelokaler, wéi de “White” an de “V.I.P.”, wou s de mat 45jährege Fraen an hieren Duechteren Schampes drénks. Déng Fra léiers de op engem Duerffest kennen, no engem Joer bestuet der iech, dat éischt Kand ass schon ënnerwee. Dir kaft en Haus am Kanton Capellen, mat engem grousse Gaart. Natierlech däerfen de riesege Fernseh, en zweeten Auto (Renault Espace, lo komme jo d’Kanner) an d’Memberschaft am néchste Fitnessclub net feelen. Niewebäi war nach genug Geld do, dass der iech e fuschneie PC mat dem neie Betriebssystem Windows OS X kaft, an du fënns en immens. Sonndes gees de op de Fussball, a regs dech op, dass déng Ekipp nie gewinnt. Du bass bei den néchst Gemengewalen dobäi a gëss prompt gewielt. Wou s de scho mol do bass, denks de der, du kéints jo dann och néchste Kéier bei de Landeswale matgoen. Däin éischt Kand ass an der Tëschenzäit an der Primärschoul, ausgerüst mat Markekleeder, an am Butték huet et sech natierlech och den deierste Plastikschoulsak rausgesicht, deen ze fanne war. Déng Fra féiert et natierlech all Dag mam Auto an d’Schoul, et soll jo net sou schwéier schleefen. Während déng Kanner ageschoult ginn, bereets du dech op d’Wale vir, bei deenen s de eng gutt Chance hues, fir op der DP hierer Lëscht am Süden an d’Chamber gewielt ze ginn. Du léis dech an der Stad fotograféiren, wéi s de mat engem Starbucks Kaffi an der Hand an de Wieder: “D’si stresseg Deeg, et huet ee besser ëmmer op de Been ze bleiwen, well et gëtt ëmmer eppes ze dinn!” vum RTL gefilmt gëss, fir dass se dee Video am Impuls aspille kënnen, wou s du mat engem Member vun der KPL diskutéiers. Du gëss schliesslech gewielt, a well d’DP doduercher, dass se als eenzeg Partei mat Zäit erkannt huet, dass Blogs d’Zukunft sinn an do staark Reklamm gema huet, Wirtschaftsminister, ënnert dem Premier a Spëtzekandidat vun der Partei, Thierry Heles.
An alles just, well s du lo gelaacht hues.
January 25th, 2008 at 15:51
DEE Schluss hat ech ni am Liewen kommen gesinn. Freck. :D Ech sinn ultramies drop haut, mee dat do huet mech lo wierklech dozou bruecht haard ze laachen. Absolut genial!
January 25th, 2008 at 16:18
Chris: Genau sou geht et och!!! ;)
January 25th, 2008 at 16:38
Chris, du hues nach vergiëss, mam Auto net an den Hypermarché, mee an de Biobuttek ronderem den Eck däin ökologescht Geméis kaafen ze goen.
January 25th, 2008 at 17:16
Wahh.. daat klengt wéi bei “Spiel des Lebens”. Tiptop! :)
January 25th, 2008 at 19:39
cool, den Duerchschnettsletzebuerger :)
D’Haus misst awer nach ee Bungalow mat 2 Garagen an enger Cité sinn. An en Hond därf net fehlen.
January 25th, 2008 at 20:09
Jo, den Duerschnëttslëtzebuerger gëtt jo och Wirtschaftsminister…
Wéi d’Leit et awer fäerdeg bréngen mäi Remgepöbels, wat speziell un de Joël geriicht war – näicht fir ongutt – zu enger Kritik vum Lëtzebuerger Vollék héichzestiliséiren, ass mer e Rätsel.
January 25th, 2008 at 21:57
Chris dat ass wéi an der Konscht. Mol ee schwaarzt Quadrat op eng Toil an iergendwou fennt sech ee Kritiker deen der déi komplizéierst Interpretatioun doranner leet. ;)
January 25th, 2008 at 22:16
@Chris
Jo, de Joël huet hei einfach eng genial Community!
Sou wéi eng perfekt opgestallten wäiss Blutkierpeschersarméi, déi den allerkléngsten Bazill schupps phagocitéieren an an wertvoll Nährstoffer emwandelen.
January 25th, 2008 at 22:18
@ Thierry: do hues de wuel Recht.
@ Guy: Wëlls du mech als Bazill duerstellen? Blasphemie! ;)
January 26th, 2008 at 11:42
@ Chris, dat Rätsel ass awer einfach ze léisen. Däin Bäitrag huet erstaunlech gudd op mäin Virurdeel dem Idealtypus vum Duerchschnettsletzebuerger géigeniwwer gepasst.
Déi wäiss Bluddkierpeschersarméi Allegorie gefällt mer.
December 21st, 2008 at 3:38
[...] Kommentar vum Chris beim Joël am Blog huet et an sech. :)) Posted on Friday, January 25th, 2008 at 14:53. [...]