Autorenstreik in Deutschland

wird es niemals geben, sagt und erklärt Torsten Dewi, selbst Autor. Erschreckend, wie die Arbeitsbedingungen zu sein scheinen. Ein möglicher Grund fĂĽr den Mangel an »guten« Serien im deutschen Fernsehen?
Was mich nochmal auf die Frage bringt, wieso RTL-Luxemburg eigentlich keine Spielfilme oder Serien bringt. Ich meine, Champions Leage klappt doch mittlerweile, da wäre es doch sicher nicht so schwierig, untertitelte Originalversionen von z.B. hochkarätigen US-Serien zu bringen?
(Danke an pa fĂĽr den Hinweis.)

11 Kommentare “Autorenstreik in Deutschland

  1. Ech wees et net – geif wahrscheinlech och vill dovunner ofhänken, wĂ©ivill Reklamm, waat fir eng Serie an zu wĂ©ienger Zait. Mee mĂ©i interessant wĂ©i dauerend Wiederhuelung vun enger Stonn Sendung wier et allemol. Mee momentan schengt sech dĂ©i Fro jo iwerhaat net ze stellen.

  2. D’Reklammen wiere fier mech och kee Problem, Ă«mmerhin si mer dat jo gewinnt.

    De Problem deen sech fier RTL a mengen Aen stellt ass deen, dat si eppes neies missten brengen. Wann lo zB op Pro7 den House leeft, an och op RTL-Lëtz, gucken déi meescht en wahrscheinlech op däitsch um Pro7 aplaatz op Englesch mat Ënnertitlen um RTL-Lëtz. Den RTL misst also eng Sendung brengen, déi soss néirens leeft, an dat ass ziemlech schwéier.

    An souguer wann RTL sou eng Sendung gĂ©ing fannen, hun se trotzdem fier den lĂ«tz. Spectateur kee Monopol domat, well die däitsch Chainen di Sendung och kennen iwwerhuelen. Ausserdem kascht dat ganzt enorm vill u Rechter, an wĂ©i et schengt, pompelt d’RTL-Group net grad vill Suen an hier lĂ«tz NĂ©ierloossung.

    Ausserdem ass RTL-LĂ«tz fier mech och nach Ă«mmer keen vollwertegen Kanal. Wierklech einfach *zevill* Widderhuelungen an non-sense (“Radio-Web-TV” oder einfach aspeisen vun Super RTL – wat soll dat?). Dobäi kritt een iwwer Satellit den RTL nach Ă«mmer nĂ«mmen tĂ«scht 18 an 1 Auer.

  3. hey, mir kéinten jo inländech Soaps dréihnen :)

    Ech wees net, mat Ennertitelen géif ech net gud fannen.
    Dann schon éichter an enger letzebuergecher Synchroniséirung. Wann déi dann och nach korrekt as kéint dat suguer derzou baidroen, dass Letzebuergech net grad sou séier ausstierwt. Oder hun ech do bessen eng romantech verklärten Siicht drop?

  4. Lëtzebuergesch war nach ni sou lieweg wéi am Moment, Internet & SMS sei dank.
    SynchronisĂ©irung wier natierlech flott, mee leider hun vill Leit d’Astellung, dat alles wat no LĂ«tzebuergesch klengt amateurhaft ass, sprĂ«ch “schäiss” klengt. Mais dat giff een jo nach evtl an de GrĂ«ff krĂ©ien. MĂ©i Suergen giff mer do dĂ©i ganz limitĂ©iert Unzuel u Synchronspriecher man (de Fausti an d’Monica sinn quasi bei all Synchronisatioun dobäi). An rem op der anrer Säit kinnt een sech och op d’Sich no (endlech) neien StĂ«mmen & Gesiichter man.

  5. Wann ech mer ukucken wéi schlecht déi däitsch a franséisch Synchronisatiounen sinn, well ech mer guer net eréischt firstellen wéi dat zu Lëtzebuerg géing ausgesinn. Ech géing mech awer freen, wann et se am original mat Ennertitlen géing ginn. Dat ass de Lëtzebuerger souwisou gewinnt aus dem Kino.

  6. Jo, mee wĂ©ivill LĂ«tzebuerger gĂ©ifen d’Filmer lĂ©iwer op däitsch an de Kino kucke goen, wa se et kĂ©inten? Ech schätzen, dass et gutt 75% sinn.

    Dat ganzt gĂ©if net funktionnĂ©iren. Viru bĂ«sse mĂ©i wĂ©i fĂ«nnef Joer ass “Friends” um LĂ«tzebuerger gelaf, wann der iech erĂ«nnere kĂ«nnt. Op FransĂ©isch. Dofir hunn ech et um Pro7 gekuckt, well ech un dĂ©i SynchrounstĂ«mme gewinnt war. DĂ©i ganz Saach leeft net.

  7. Do war rĂ«m sou e Beispill fier ze weisen dat alles wat LĂ«tzebuergesch ass, amateurhaft klengt fier di meeschte Leit (“… well ech mer guer net erĂ©ischt firstellen wĂ©i dat zu LĂ«tzebuerg gĂ©ing ausgesinn”).

    Ech hollen un wanns de sees dats de d’Synchronisatioun schlecht fĂ«nns, dat op den Inhalt dovunner bezidds. Dat ass sĂ«cher a verschiddene Fäll sou, awer net iwwerall. Kann dat also net Ă«nnerschreiwen. Desweideren ass dat souwĂ©isou e ganz heikelt Thema, well een verschidden Situatiounen, Kontexter an eenzel Wieder einfach schlicht an ergräifend net kann iwwersetzen. A wann, dann muss et trotzdem nach an de Film passen, sprech, d’Auteuren mussen hier LĂ«psen laang genuch bewegen fier et kennen ze soen. Dat ass nĂ«t evident an dofier ass et heiansdo onemgänglech dat verschidden Saachen leider wechfaalen oder geännert ginn. Mee Ă«mmerhin kriss de jo op all DVD nach den Originaltoun.

    Zu den Ënnertitlen: ech giff et awer am léifsten ouni Ennertitlen gesin, am beschten wier et wann een se iwwer Teletext kinnt un an aus schalten. Natierlech sin se oft nëtzlech, mee wann een mol e Film léiwer ouni guckt, nervt et einfach onmoosseg.

  8. Eegenproduktiounen geifen rocken, mee dofir schengt et einfach un irgendeppes ze fehlen. Vlaischt och un engem Sender, den gewellt ass, Saachen ze senden. Do baisst sech d’Kaatz an de Schwanz. ;-)
    Synchronisatioun ass en effet eng schwĂ©ier Saach, virun allem mat enger Sprooch wĂ©i Letztebuergesch, wou et dach vill Vokabelen gin, dĂ©i fehlen. Dofir meng “Propose” mat den Ennertitelen.
    Et ginn jo och leider vill Letztebuerger op Treier an de Kino, well d’Filmer do op daitsch laafen an en Burgerking am Sall servĂ©iert kritt.

    Ech denken, daat den letz. RTL keint durch zB. just-Soustitrage immens vill Zait spueren an Serien méi schnell wéi daitsch Senderen ausstrahlen, waat dann erem méi Zouschauer geif lackelen. Mee den Choix ass do natirlech schwéier. Trotzdem kéint en et jo mol probéiren!

    TangoTV haat Simpsons op Englesch, daat waar eng Killerapplikatioun, quasi.

  9. —————————————————————————achtung offtopic————————————————————————

    *Stapft mat engem Streikbanner am Zemmer op an of*
    “Ech wel A&S! Ech wel A&S! Ech wel A&S!”

    —————————————————————————–offtopic ende—————————————————————————-

  10. perseinlech kucken ech fill leiwer d filmer original … deitsch an franseisch iwersetzungen sin einfach nemmen fier sech ze schudderen .. dat huet menger meenung no neischt mat amateurhaft ze din mais domat dass sprochwitz an einfach en gewessen feeling nemmen riwerkennt an der jeweileger originalsproch während een an den iwersetzungen eischter op d längt fun den sätz oppassen muss dass et iergendwei synchron ass…
    dofier wier menger meenung no en zimlech groussen marche fier englesch filmer an serien do … just my 2 cent

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>