Nach anfänglichen Themensuchschwierigkeiten musste ich mir eingestehen, dass die Neujahrsnacht doch noch einmal ein Thema werden mĂĽsste. Und obwohl die ein ruhiger Abend werden sollte, befand ich mich irgendwann mitten in einer Stadt voller Angst und Schrecken…
MP3-Direktdownload Podcast: Angscht a Schrecken um eischten Daag am Joer
Die Musik stammt von Revolution Void und steht unter einer cc-Lizenz.
A&S Podcast Feed ¦ A&S in iTunes oder anderem Podcatcher abonnieren ¦ A&S im iTunes Katalog
Et wärt den Nolauschterer wuehl kaum verwonneren, daat mir deeler zu deser Episode beim Anraumen vum kleeder angefall sin. Emmerhin mussen mir alleguerten eis Kleeder anraumen, wann mer net wéi Drogenverreckter eis Kleeder vum Bueden oder aus dem Wäschkuerw fëschen wellen.
Ech waar mir net ganz secher, em waat des Episod sollt goen. D’Enn vum Joer haat ech jo eigentlech schon couvrĂ©iert, an soss waar net immens vill movementĂ©iertes geschidd. Op manst naischt, waat den Prädikat „Angscht a Schrecken“ verdengt hätt.
„Luxemburger blicken angstvoll in die Zukunft“, muss ech op der Titelsait vun engem Produit vun eiser versoffener Presse liesen. Wéi soll en bei esou vill Angscht a Schrecken eigentlech nach optimistesch bleiwen?
Ech hun an enger Anthologie mat Texter vum HTS, dem Erfanner vum Gonzojournalismus gelies. Vun irgendwouhier ass en Bass komm. Schrecklechen bellegen Techno. Vun där Zort, op den dĂ©i verwinnt Nobless bzw. hieren Nowues an waissen Dolce&Gabbanna Hiermer irgendwou an Luxusdiskoen an der Skivakanz oder och heiheem probĂ©iert ze danzen. Waat awer net geht, endweder well d’Nobless net danzen kann an sech bewegt wĂ©i Roboter aus sowejeteschen Science-Fiction Filmer aus den 50er Joeren. Oder et geht doweinst net, well sech dĂ©i fein Herschaften an hirer Dekadenz eng 3-liter Fläsch Absolut kaaft hun an dĂ©i zu 15 hallef eidel gedronk hun. Wenn sech dann nach wonnert, virwaat de Letztebuerger net optimistesch an d’Zukunft kĂ©int blecken, ass wahrscheinlech genausou voll.
Irgendwou an den Fear&Loathing Studios hun ech beim Opraumen eng Jack Johnson CD fonnt. Et ass net meng. Ech erenneren mech un eng schrecklech Nuecht mat engem SpazĂ©iergang zweschen Aalstadt an Bouneweeg. Just nach Erennerungsfetzen. Mat Zaiten vergiessen, soss vermeschen sech an der Memoire Kopenhaagen an Letztebuerg. „Times like these“ sengt de gudde Mann. Daat berouegt mech vlaischt. Ech fille mech net gudd, mee vlaischt sin daat nach emmer d’Nowierkungen vun NĂ©ijoersdaag. Well, let’s face it – dĂ©i schlemmsten Geschichten passĂ©iren net Sylvester. Sie passĂ©iren op NĂ©ijoersdaag. Also um eischten Daag am nĂ©ien Joer.
Ech war mam S. ennerwee, der Persoun also, déi dobai waar, wéi ech déi eischten Keier Angscht a Schrecken erliewt hun. Ausserdem mat engem Crumble-Moderator an sengem Brudder, déi glaichzaiteg och Podcaster sin. Virdeischt sin mir eng Glace iessen gaangen. An durno mexikanesch. Daat waar awer nach alles am aalen Joer. Et luch eng bedrohlech Stemmung an der Loft. Letztebuerg-Stadt, kuerz virum Joereswiesel. Héi huet sech keen drop gefreet, esou verbass ass no Meiglechkeeten gesicht gin, sech ze ameséiren.
Et geht net drems, einfach nemmen SpaĂź ze hun, et geht drems, do ze sin, wou en am meeschten SpaĂź huet, wou et am dekadenzsten zougeht, wou se d’Musek am haardsten opdreinen an wou dĂ©i meeschten Leit engem op d’Schong katzen.
WĂ©i decke Niwel ass dĂ©i Gewessheet duerch d’Strossen gezunn, an och am Gronn, wou mir virdeischt waaren, huet alles immens agressiv gewierkt. Tenue hĂ©i, Mindestalter do, an virun allem mescht keen virun 10 Auer op. Et huet en jo dĂ©i ganz Nuecht Zait. Mir wollten awer och schon den Owend geneiĂźen. Also erem an den Lift erop an d’Uwerstaadt. Agressiv Gesiichter vun amesĂ©ierwĂĽtegen och hei.
An dem eischten Café, den eis do iwert de Wee gelaaf ass, hun se probéiert mat schlechten Techno-Versiounen vun schlechten Poplidder ze impressionéiren. Mir hun eis mat Alkohol dogeint gewierrt. Trotzdem, ech haat Gefill, verschidden Leit waaren impressionéirt an hun effektiv schon en immens festiven Androck gemaach. Angscht a Schrecken sin déi eischten Keier dogetaucht.
Mir hun eis duerch d’Bascht gemaach, hun d’S. Ennerwee op engem Busarret ofgeliwert.
Lanscht daat grousst Zelt vum Lecker Baal, dem Epizentrum vum letztebuerger Sylvester. En grousst Monster, haard an no Soff stenkend, an Grousbuchstawen DEKADENZ dropgeschriwen, mat engem scharfen S amplaatz Z.
Erem rof an de Gronn, wou schon déi eischt Leit erem aus de Cafén eraus geflunn waaren. Lallend an trellend Alkoholjünger, déi dem Drang, sech ze ameséiren, net länger wéi e puer Stonnen – wann iwerhaat – wiederstoen konnten.
Mir sin an eng gemittlech Bar mat anluedenen Couschen, wou mir eis an en Eck manövreiert hun an
eis weideren Alkohol gin hun. Och hei waar de generellen Public schon méi ungeheiert wéi mir, waat sech virun allem an sennlosen Laachkrisen an vill ze haardem Geschwätz ausgemaach huet.
Irgendwann waar et dann esouwait. Deen nĂ©ien Tour rondrem d’Sonn ass lass gaangen. Ech haat schon baal vergiess, wiesou mer eigentlech geifen do setzen an eis allen drai en Glas roude Wain bestallt haaten. Angscht a Schrecken sin opkomm, wĂ©i – menger, eisen Auren no eng Minut ze speit, deen nĂ©ien Tour mat engem Countdown an haardem Gebläärs begreiĂźt gin ass.
Zum Gleck ass keen vun eis vun engem Schampesstopp getraff gin. Dobai kann en nämlech liicht en Aan verleiren. Verschidden Saachen sin nemmen witzeg, bis irgendeen en Aan verleiert. Dann sin se fir sech futti ze laachen.
Epes virun Eng sin mir weider gezunn. D’Stemmung op de Strossen waar eng aaner. All dĂ©i CafĂ©n, dĂ©i virdrun esou agressiv gewierkt hun, hun lo Leit erausgespaizt, dĂ©i et net mĂ©i gepackt hun an lallend wĂ©i Idioten duerch d’Strossen getorkelt sin an jidderengem, den et heiren wollt, en schĂ©int neit Joer gewenscht.
An enger aanerer Bar hun mir eis mĂ©i Alkohol bestallt, mee mir kruuten och direkt eng Portioun Angscht a Schrecken matgeliwert. Vill ze jonk Leit hun aaneren Leit Beier iwert d’FeiĂź geschott an dobai blöd gelaacht. Mech hun Leit erkannt an hun mir d’Hand gin.
Virun den Toiletten huet en Meedschen meng Hoer ungepaackt. Wéi ech gefroot hun, ob mir eis geifen kennen, huet et gesoot, et hätt just eng Keier weilten meng Hoer kucken. Angscht a Schrecken sin méi an méi grous gin, während Musek propotional zu de Leit, déi an den Café komm sin, emmer méi schlecht gin ass. Och héi sin mir irgendwann gaangen.
Op de Strossen: Nach méi lallend an torkelend Idioten, déi engem mat haarder Stemm en scheint neit Joer gewenscht hun. Angscht a Schrecken sin méi grous gin.
Am Lift, den voller Leit ass, déi net méi esou ganz riicht goen kennen, kann och een sech net zereckhaalen an blärt: „Vill Gleck am néie Joer!“
„Dir waard et brauchen“, hun ech em dreschen geäntwert. Mir haaten Chance, daat de Lift net stoen bliwen ass. D’Leit hätten sech virdeischt secher mol all aus Zaitverdreif gewenscht, iert se een am aaneren op FeiĂź gekatzt hätten.
Mir haaten een Schutzfilm vun Alkohol rondrem eis, den eis gehollef huet, dĂ©i schlemmsten Saachen net matzekreien oder rauszefiltern. Waat batter neideg waar. Och daat groust Monster Lecker Baal huet stänneg Leit erausgespaut, dĂ©i dann kreesförmeg duerch d’Uwerstaadt getorkelt sin, wĂ©i wann se am Orbit vun dem groussen haarden, waissen dekadenten Zelt wieren an net mĂ©i erauskommen. Och hĂ©i, wĂ©i eng Parol, emmer erem Idioten dĂ©i der ganzer Welt en schĂ©int nĂ©it Joer an vill Gleck gewenscht hun. Dir waart et brauchen, hun ech mer geduercht.
Mir sin zereck an den CafĂ© mat den schlechten Technoversiounen getrollt an hun eis, vir eis dem allgemengen Niveau unzepassen an eisen Ideen nozegoen, Cocktails bestallt. DĂ©i waaren zwar gudd, mee ech wosst, daat se deidlech wieren. Durno wier keen mĂ©i vun eis am Stand, sech ze wieren, egal waat eis an den Kapp kĂ©im. Dofir hun ech, esoubaal d’Glieser eidel waaren, dĂ©i eischt bescht Geleegenheet geholl an mir hun zesummen d’Flucht ergraff.
D’Party waar esou lues awer secher eriwer. Esouguer aus enger Imbissbud hun se eis schlussendlech erausgeshait, well se wollten zou maachen. Keng Zouflucht op denen kaalen Strossen, wou irgendeen eng hallefvoll Schampesfläsch vergiess haat. De Schampes waar awer net gudd. Angscht a Schrecken haaten mech. Wiesou all den Zodi, all de Stress fir sech krampfhaft ze amesĂ©iren? Wiesou waar jiddereen esou versess drop, onbedengt daat beschten Erliewniss ze hun, just vir herno festzestellen, daat um 11 Auer souwiesou schon jiddereen voll waar an sech knapps bis 1 Auer op de Been haalen konnt?
Ech sin geflĂĽcht. Fir en weidert Joer…


January 7th, 2008 at 0:53
Juhu ech hunn et an eng A%S gepackt. :D It’s fun to stay at the YYYYYYMMMMMMMMMCCCCCCCAAAAAAAAAAAA! :D
January 12th, 2008 at 11:16
Hehe, ech haat wirklech gehofft, dass de eng iwwert Néijoersdag giffs maachen :)
Ech mengen, ech hun elo eng néi Lieblingsepisode vun A&S ;D