Oft erklĂ€re ich, wieso man an den Orten sein könnte, an denen ich Angst und Schrecken erlebe und sage dann, dass ich aus einem ganz anderen Grund dort war. Gut, ich war auch nicht zum studieren oder dozieren an der einzigen Hochschule in Luxemburg. Es hatte nicht einmal etwas mit dem Radio zu tun, sondern mit knallharten GeschĂ€ften…
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.
MP3-Direktdownload Angscht a Schrecken an der enzeger Heichschoul zu Lëtzebuerg
Zu hören ist das ganze auch heute zwischen 16 bis 17 Uhr in der Sendung Crumble auf Radio ARA auf den Frequenzen 103,3 und 105,2 oder im Internet unter ara.lu.
Die Musik stammt von Revolution Void und steht unter einer cc-Lizenz.
A&S Podcast Feed ¦ A&S in iTunes oder anderem Podcatcher abonnieren ¦ A&S im iTunes Katalog
Normalerweis beschreiwen ech am Ufang vun Episoden verschidden Szenarioen, wiesou en op dĂ©i Plaatz kĂ©int goen, op der ech Angscht a Schrecken erliewt hun an soen dann, wiesou ech wirklech do waar. Deskeier wier d’Wourescht esou erschreckend, daat ech se leiwer net well praisginn. Nemmen esou vill: Et goung em GeschĂ€ftsgespreicher.
Déi aaner Grenn, wiesou en op eng Heichschoul kann goen, muss ech secher kengem erklÀren. Fir déi, wou et trotzdem net wessen: op enger Heichschoul sin normalerweis Studenten. An Professoren. An soss nach Leit, déi geheim GeschÀftsgespreicher ofhaalen.
An op genee esou eng Heichschoul sollt ech dann goen, fir en geheimt GeschĂ€ftsgespreich ofzehaalen. Lo ass daat zu Letzebuerg awer net esou einfach. Eis nach jonk Heichschoul ass an villen aalen an ehrwĂŒrdegen Gebaier ennerbruecht, dĂ©i zum Beispill ennert dem Napoleon KasĂ€ren waaren oder soss komesch Zwecker haaten.
Daat erennert mech un daat GerĂŒcht, daat am kaalen Krich, wou d’Gefohr vun der Atombom zwar net manner schlemm, mee mĂ©i reel wĂ©i haut waar, an all Schoul en atomsechere Bunker huet missen gebaut gin.
Sou Bunkeren sin flott: Wann eng Atombom fĂ€llt, iwerliewt en esou laang, fir no dem groussen Kabum erauszekommen an dann lues un der Strahlenkrankheet oder LeukĂ€mie ze stirwen. An wann de kaale Krich eriwer ass, kann en PrĂŒfungen dran laageren. En aanert GerĂŒcht zu denen Bunkeren beseet nĂ€mlech, daat an engem vun den seleschen Bildungsinstituter zu Diekrech elo d’PrĂŒfungen an dem atombomensecheren Bunker gelaagert gin. Gudd ze gesin, wou d’PrioritĂ©iten am Fall vun engem thermonuklearen Krich lĂ©ien.
Ech sin also op en vun denen selleschen Campus vun eiser Heichsschoul gefuer. Jo, den letzebuergeschen Plural vun Campus ass âCampusâ, well d’Wuert aus dem Engleschen eriwer komm ass. Daat dĂ©i et aus dem Latein huet, interessĂ©iert d’Orthographie net. Ech sin, aus Grenn vun der Netexistenz vun enger Fahrerlaubniss an mengem Portmonni (keng Zait) an engem motorisĂ©ierten GefĂ€hrt AN weinst mengem Ăko-Hellegeschain mam Zuch gefuer dohinner gefuer.
Well esou en Campus vun enger Heichschoul, dĂ©i e puer Campus huet, e puer Gebaier huet, haat ech Rendez-Vous mat mengem Kontaktmann an der Rezeptioun. Un sech ass et guer net esou schweier, en Gebai op dem Campus ze fannen, well se numerĂ©iert sin an net alleguer d’selwescht ausgesin. Aanersaits waar et vun der Sait, vun der ech komm sin, awer relativ schwĂ©ier, d’Receptioun ze fannen.
Den Problem waar nĂ€mlech: Op dem Campus ass esou ziemlech alles gezeechent, eben just net d’Receptioun. Ech hĂ€tt spillend liicht de Wee an den Audimax oder an d’Cantine fonnt, mee vir dĂ©i Receptioun ze fannen, hun ech missen vun Gebai zu Gebai laafen an kucken, op se do wier. Waat net graad effizient ass, wann en um 2 Auer rendez-vous huet an et schons 10 Minuten op 2 ass.
Ech wollt eng Persoun froen, dĂ©i an hiren Auto geklommen ass, mee dĂ©i waar esou schnell fort, daat ech net mol âHey, pardon, kennt dir mir hellefen?â ruffen konnt. Irgendwou ass mir daat suspekt virkomm. Wiesou ass dĂ©i Persoun esou schnell aus der Heichschoul geflĂŒcht?
Irgendwann, nĂ€mlech zu dem Moment, wou en den halewen Campus no der Receptioun oofgesiicht haat, hun ech dĂ©i dann och fonnt. Sie waar an dem greiĂten Gebai, wou en Sprangbuer virdrun steht. Ween hĂ€tt daat geduercht gehaat?
Ech sin also an daat Gebai gaangen. Normalerweis mescht mir daat e bessi Angscht, an d’Haaptentree vun esou riesegen Gebaier ze goen. Et erwaard en laangen Gang mat Ălegbiller vun freiheren Besetzern vun dem Gebai an Leit, dĂ©i engem peinlech Froen stellen.
Hei waar naischt dovunner ze gesin. Ech hun mech missen duerch en schmuelen Gang drecken an sin dun an eng relativ kleng Receptioun kommen. Normalerweis gin et an Receptiounen eben en Schalter an dann Setzegleegenheiten fir déi Leit, wou op irgendeen oder irgendeppes mussen waarden.
Et waar och hei esou. Just daat d’Setzgeleegenheeten net wirklech bequem waar. Heich Still aus Plastik un nach mĂ©i heigen Decher. Op denen Decher louch jeweils en Stapel vun 10 Wochenzeitungen op franseseisch, dĂ©i Donnesdes erauskommen. Daat huet mir e bessi Angscht gemaach. Haaten Angscht a Schrecken de Wee an d’Receptioun mĂ©i sĂ©ier fonnt wĂ©i ech? Firwaat waaren esou vill der Zeitungen? Wiesou gouf et keng mĂ©i gemittelech Setzgeleegenheeten? Waat wier, wann ech elo mĂ©i laang wĂ©i 5 Minuten do waarden misst?
Eng Fraa, déi sech offensichtlech auskannt huet, huet enger daitscher Fraa, déi, daat sollt ech speider nach rausfannen, een Virstellungsgespraich haat, Saachen erklÀrt. Déi Fraa huet missen waarden an souz och schon op engem vun denen ongemittlechen heichen Plastikstill.
Dun huet d’Receptiounistin mech gefroot, waat ech braischt. Ech hun hier vun mengem geheimen Treffen erklĂ€rt an gesoot, ech geif dann wĂ€rden, bis meng Kontaktpersoun mech sichen geif kommen. Sie soot, ech sollt mech setzen an waarden.
Angscht a Schrecken sin méi grous gin. Ech hun mech also op den haarden an heigen Stull gesaat an probéiert, mech ze beschÀftegen. Daat waar relativ schweier, well ech keen Buch oder Block dobai haat an och net wollt den Stapel mat denen franseischen Wochenzeitungen upaacken.
Dauerend sin Leit hin an hier gelaaf an hun Chaos veranstaltet. Irgendeng Persoun wollt de Schlessel fir irgendeen Sall an kruut erklĂ€rt, daat en deen herno an d’Breifboite werfen misst. Meng Kontaktpersoun ass an ass net obgetaucht. Ech hun Angscht a Schrecken emmer mĂ©i gespuert. Waar ech irem um falschen Campus geland? Haat ech mech an der Zait geiirt?
Irgendwann huet d’Receptionistin mech gefroot, weini main Rendez-Vous gewierscht wier an huet e puer Minuten laang telefonĂ©iert. Angscht a Schrecken sin emmer mĂ©i grous gin. Waat geing lo gescheien? Geif si den internen Secherheetsdengscht ruffen, den mech an den atombomensecheren Bunker geif anspĂ€ren?
Am Geigendeel.
Sie huet mir einfach erklĂ€rt, an waat fir een Gebai ech lo misst goen. An dem Moment, wou ech mech emgedreint hun an op daat Gebai zougaangen sin, huet sie geruff: âMonsieur! Dir hudd schĂ©in Hoer! Main Jong well se och esou, mee hien muss se nach bessen wuessen lossen!â
Daat enzegt, waat elo nach bliewen ass, waar d’Flucht. Riicht iwert de Campus, direkt an en geheimt GeschĂ€ftsgespreich.
Firwat schwetz de vun HĂ©ichschoul? Wells de der uni.lu net wĂ«lls den Titel Uni gin? Oder wars de tatsĂ€chlech op enger HĂ©ichschoul? Ech behapten einfach mol dass op enger HĂ©ichschoul keng Studenten mee SchĂŒler setzen, an dass eng HĂ©ichschoul net dat nĂ€mlecht wĂ©i eng Uni ass. Vum Diplom, vum Horaire gin et do kloer Ennerscheeder. Oder?
Bei A&S hun ech mir ugewinnt, Saachen net beim Numm ze nennen bzw. se ze emschreiwen. Sou och d’Kleederketten mat denen zwee Buchstawen am Numm oder den CafĂ© an der Hollerescher, den ausgesait wĂ©i en ScoutschalĂȘt. Gemengt ass eng Heichschoul am allgemengen (daitschen) Senn (http://de.wikipedia.org/wiki/Hochschule) wou och zB. d’Uni.lu drenner fĂ€llt, keng amerikanesch “High School” oder eng spezifesch Fachhochschule.
Ok gudd. Ass mĂ©i eng persĂ©inlech Saach, fir mech sin HĂ©ichschoulen emmer sou autoritĂ€r Institutiounen wou een all Dag obligatoresch 6 Stonne Schoul huet. Bei enger Uni gesinn ech en fraien Campus wou Allmensch kĂ«nt a geet wĂ©ini en Loscht huet. Mee dat si meng persĂ©inlech ClichĂ©’en. Et ass dat Wuert “Schoul” wat mer net passt mengen ech…maache mer d’ParenthĂšse zou.
Eng aner Klammer: Mir fĂ€allt grad op, dass dĂ€i Link “A&S in iTunes oder anderem Podcatcher abonieren” (abonnieren, nierwebĂ€i) op een itpc:// verweist. Dee Protokoll ass awer just fir den iTunes. Wanns de wells, dass mat deem Link dee jeweilege Podcastplayer opgeet, deen de Benotzer op sengem Computer dĂ©finĂ©iert huet, muss de pcast:// benotzen. Well soss kritt een eng Feelermeldung wann iTunes guer net installĂ©iert ass, respektiv du zwĂ€ngs dem User dann trotzdem den iTunes op mat deem Link. :)