Podcast: Angscht a Schrecken net bei, mee och net ganz wait wech vun de Kakamaschinen

Seit ein paar Wochen schon stehen in zwei Museen, da eins nicht groß genung ist, die berĂŒhmt berĂŒchtigen Colaca-Maschinen von Wim Delvoye. Im Blog Small city life wurde schon gefragt, wieso kein Blogger auf diese Maschinen reagierte. Dies sei meine Antwort auf die Kakamaschinen.
Als Gonzojournalist muss man sich sowas natĂŒrlich ansehen, wenn auch bloss aus der Ferne. Wenn dann noch ein Konzert in einem cyanblau ausgeleuchtetem Keller und ein wenig Paranoia und Zweifel ĂŒber die wahren PlĂ€ne des diabloischen Wim Delvoye hinzukommen, sind Angst und Schrecken perfekt…


MP3-Direktdownload Angscht a Schrecken net bei, mee och net ganz wait wech vun de Kakamaschinen

Zu hören ist das ganze auch von 16 bis 17 Uhr in der Sendung Crumble auf Radio ARA auf den Frequenzen 103,3 und 105,2 oder im Internet unter ara.lu. Die Sendung ist diesmal besonders hörenswert, ist doch der PrÀsident der Republique Libre de Clairfontaine bei uns zu Gast. Ausserdem gibt es eine neue Folge der Bouneschlupp.

Die Musik stammt von Revolution Void und steht unter einer cc-Lizenz.

A&S Podcast Feed ¦ A&S in iTunes oder anderem Podcatcher abonnieren ¦ A&S im iTunes Katalog

Lo stinn schon zenter puer Wochen an zwee Museen, awer och just well een ze kleng ass, dĂ©i berĂŒhmt berĂŒchtegt Kakamaschinen, dĂ©i hiren Entweckler Cloaca genannt huet. Hien mescht aus Schaiss Suen an leisst och nach mĂ©i oder manner berĂŒhmt KĂ€ch fir seng VerdauungstrĂ€kt aus Stohl kachen. Dozou kann en elo stinn wĂ©i en well, als Gonzojournalist muss en esou eppes gesin hun. Wann och just vun waitem.

Mir, dh. Ech an meng bescht Frendin, daat den Nolauschtern zwaar net onbekannt ass, mee awer anne-onym bleiwen well, wollten eigentlech just op en Konzert. Ech well d’Geleegenheet nach schnell notzen an mech fir den schlechten Wuertwitz entschellegen.
Mir waaren ursprĂŒnglech der Meenung, mir geifen en Konzert zweschen den Kakamaschinen gesin, quasi am Schaiss also.

WĂ©i mir den MusĂ©e, den ze kleng fir dĂ©i greißt vun de Kakamaschinen ass, ereescht hun, hun mir schon vun waitem gesin, daat irgendeppes net gestemmt huet. En schwarz-waiss gestraiften FĂ€ndel mat engem rouden Draach houng do. Als ausgebildeten Gonzojournalist mat FĂ€hegkeeten an der Heraldik hun ech direkt erkannt, daat et sech em de FĂ€ndel vun der Republique Libre de Clairfontaine gehandelt huet.
Waar de MusĂ©e mat den Kakamaschinen besaat? Geifen domadder d’EroberungsplĂ€ng, dĂ©i secher irgendwou an engem Tirang an der aaler Molkerei geifen leien, wouer gin?

Angscht a Schrecken hun sech lues an lues ungeschlaach, och wann alles ganz friddlech gewirkt huet. Eng Onmass Leit huet Entrée bezuehlt, obwuehl ech ganz secher, irgendwou am Internet gelies ze hun, daat desen Event dach gratis wier. An wéi mir alleguerten wessen, stemmt alles waat am Internet steht.

Meng Begleedung huet sech daat och gesoot an huet einfach mol geziehlt, hat hĂ€tt eng Akkreditatioun. Oder hat geing Fotoen fir d’Band maachen, dĂ©i, an daat hun mir lo och mol rausfonnt, net am Schaiss zweschen den Kakamaschinen gespillt huet, mee am Keller. Daat waar Nouvellen, dĂ©i esou ziemlech alles geĂ€nnert hun. Waat fir grausam Saachen geifen eis an dem Keller erwaarden?
Angscht a Schrecken sin mĂ©i grous gin, wĂ©i mir eis bei Receptioun gedreckt hun an ech d’Kakamaschinen fir d’eischte Keiher erbleckt hun.
Meng Begleedung huet dunn d’Geschicht vun der Bandfotographin einfach nach eng Keiher erziehlt, an d’Leit hun him daat einfach geglewt. Waat erem eng Keiher en Beweis dofir ass, daat en den Leit egalwaat erziehlen kann, et muss just irgendeppes mat „Press“ oder „Veröffentlechen“ ze din hun, dann kennt een iwerall eran. Oder baal iwerall. Ob manst awer an de Keller ennert de Kakasmaschinen, wou en Konzert soll sin.

Daat, waat mir nĂ€mlech Angscht gemaach huet, waar folgendes: Meng Begleedung haat en Fotoapparat vun 100 Euro dobai, an naischt, waat irgendwĂ©i no FotographenausrĂŒstung ausgesinn huet. Keng Stativen, Lichtmiesser oder soss Fotographenkrimskrams. An virun allem: wiesou hun se mech fir naischt erangeloss? Daat enzegt, waat ech gedroen hun, waar dĂ©i daitsch Iwersetzung vum Bret Easton Ellis sengem Roman „American Psycho“ an en Hawaiihierm. Daat ganzt an enger rosa Stofftuut.

Ok, et keint en lo argumentĂ©iren, mir wieren alleguerten e bessi mĂ©i oder manner schick ungedoen gewierscht, mee daat kann dach net esou vill ausmaachen. Ech hun schon Journalisten an vill mĂ©i schlechten Kleeder gesin. Et mescht Angscht, wĂ©i einfach et ass, wann en einfach heinsdo bessi daat ass, waat en op daischt „dreist“ ass.

Ech wees net, ob et am LĂ«tzebuergeschen en Wuert fir „dreist“ ged. Wann jo, geif ech dĂ©i Leit, dĂ©i wessen, waat fir en Wuert daat ass, mir daat matzedeelen. Meng Email ass joel@graffiti.lu an meng Handysnummer PIEEEEEEEP.

Mir sin also an de Keller ennert de Kakamaschinen gaangen. Do huet et no Iestebulli geriicht. Waat zwar keen schlechte Geroch ass, mee an engem Keller ennert Kakamaschinen hÀtt ech mir esou ziemlech all Geroch erwaard, mee net deen vun Iestebulli.
Angscht a Schrecken waaren och an desem Keller. Vlaischt haaten sie sech och als Fotographen ausginn.

Ech hun probéiert, daat alles ze ignoréiren an sin menger Begleedung an den Raum, wou sech den ominösen Konzert ofgespillt huet, nogetrollt.
Op een mol konnt ech mech net méi wirklech dorobber konzentreiren, Angscht a Schrecken ze ignoréiren. Cyanblo Neonstuben hun den Raum ausgeliicht, komplizeiert musikalesch Strukturen hun den Raum erfellt an de Buedem huet aus rengem KrÀssi bestaanen.

Meng Begleedung ass mat sengen heichen Stiwelen am KrĂ€ssi angaangen. En Moment haat ech den schrecklechen Gedanken, daat daat ganzt just en Faal vum Wim Delvoye wier. Vlaischt wier den KrĂ€ssi an Wirklechkeet TreibkrĂ€ssi (esou wĂ©i „Treibsand“) an mir geifen lues an lues angoen an dann geif den diaboleschen Wim Delvoye, Erfannen vun den Kakamaschinen kommen an eis un seng grausam verdauend Maschinen verfidderen.

Angscht a Schrecken haaten mech. Zum Gleck huet de Fakt, daat dĂ©i meeschten Leit net am KrĂ€ssi angaangen sin, dogeint geschwaat. Ausserdem ass den Wim Delvoye, den Erfanner vun den Kakamaschinen, Vegetarier an huet och schon Schwain tĂ€toweiert. Ech wosst net, ob daat geif geint d’These vum TreibkrĂ€ssi schwĂ€tzen, mee et huet mech berouegt.

Et gouf drai Zyklen. En Set Musek, dann erem Paus. Daat ganzt drai Mol. An denen Pausen hun mir meeschtens mat irgendwelchen Leit geschwaat, déi mir méi oder manner gudd kannt hun. Ech hun mir och irgendwann eng Keier Zopp (Muertenzopp) geholl an en Glas Wain. Hei hun ech erem en Moment Angscht a Schrecken erliewt: Den Wain huet en missen vun enger Kaart ausssichen, an ech sin ungekuckt gin, wéi wann ech tatsÀchlech Ahnung vun letztebuerger Wainer hÀtt. Waat net de Fall ass.
Ech hun erem missen un d’Kakamaschinen denken. Vlaischt wollt en just, daat mir eis geifen de Bauch gudd voll schloen, fir daat d’Maschinen och ordentlech eppes ze verdauen hĂ€tten?

Ech hun un eng Geschicht geduercht, wou ech eppes Àhnleches schon eng Keier heiren haat.
Demols ass et em eng aal Frau an en Uwen gaangen. Angscht a Schrecken sin nach eng Keier méi grous gin, mee de Wain huet mir gehollef, mech ze berouegen.

Irgendwann waaren déi drai Sets dunn eriwer an mir hun e puer aal Bekannter getraff, déi eis net nemmen flott Fakten iwert Kakamaschinen erziehlen konnten, mee mir och nach en secheren Heemwee versprach hun. Des Keier sollten jo och keng Drogenverreckter dobai sin.
Mir sin bis op eng Terasse gaangen, wou en eng Kakamaschin an engem Wantergaard stoen gesin konnt.
Angscht a Schrecken sin méi grous gin.
Eng gigantesch Maschinn, déi am Endeffekt just eppes konnt: Schaiss produzeiren. Ech wollt net vun esou engem Koloss aus Stohl an Reiher verdaut gin, fir herno am Vakkum angeschweest vun Leit mat vill Souen an weineg Gehiir kaaft ze gin an dann an enger geruchsneutraler Vitrinn ze verstepsen.
Leit hun festgestallt, daat ech un dem Owend Gebuerstdaag hĂ€tt an hun all 5 Minuten „Happy Birthday“ gesongen. Ech hun daat relativ schrecklech fonnt. Mee emmerhin nach besser, wĂ©i vun enger Maschin verdaut ze gin.
Irgendwann hun mir entschloss, mir hĂ€tten elo oft genuch Kaka gesoot an wollten dunn nach e bessi op komeschen Techno fetzen. Ausserdem waar dĂ©i Fraa, dĂ©i irgendwou an dem Kellerlabyrinth, vun dem ech mir emmer nach net esou secher waar, ob et net eng Faal vum diaboleschen Wim Delvoye wier, anscheinend relativ berĂŒhmt.

Mir hun also schon zu menger Begleedung an der Band, dĂ©i jo afin zu hirer Fotographin muss sin, Äddi gesoot, obwuehl en sech secher waar, et geif en sech nach eng Keier iwert den Wee laafen. Wouranner genau de Senn bestaanen huet, wosst ech net wirklech. Dem Comissaire Balzer sin mir och nach iwert de Wee gelaaf.

D’Stemmung an dem Keller, wou dĂ©i komesch, anscheinend berĂŒhmte Fraa net nemmen opgeluecht huet, mee och nach wĂ©i well rondrem gesprongen ass, waar um Deifpunkt ugelaangt. Leit iwert 30 stoungen loschtlos mat hirem Wainglas an hirer Schossel Ietsebulli rondrem an hun sech geigensaiteg gefroot, ob se sollten danzen.
Mir hun et einfach gemaach.
Also, gedanzt. Wann mir schon sollten verdaut gin, dann net ouni virdrun gedanzt ze hun.
D’Musek ass emmer mĂ©i obskur gin, dĂ©i anscheinend berĂŒhmte Fraa, dĂ©i wĂ©i well rondremgehopst ass, huet aal Diskoklassiker opgeluecht. Irgendwann hun mir beschloss, ze goen. Angscht a Schrecken waaren omniprĂ€sent an de Gesiichter vun denen Leit iwer 30, dĂ©i sech einfach net entscheeden konnten, ob sie lo danzen sollten oder net.

Menger Begleedung ass bei dĂ€r Geleegenheet ne InstrumentenstĂ€nner op d’Feiss gefall. Ech hun gespiirt, daat et elo heich Zait waar, ze goen. Mee eis Flucht aus dem Labyrinth ennert de Kakamaschinen sollt kuerz virun der Dir op en Enn goen.

D’Sucht no Nikotin vun engem Member vun eiser Grupp huet eis an d’Gespreich mat mir vun Biller bekannten Leit bruecht. Als Zeechen vum Fridden sin Iwerraschungseeer ausgetosch gin. No deser Zeromonie, dĂ©i mir erem Angscht a Schrecken angejoot huet, sin mir dun endlech geflĂŒcht.
Wech vun de Kakamaschinen vum diaboleschen Wim Delvoye an d’Parkhaus net wait dovunner, do an den Auto an mat dem dun Richtung Fraiheet.
D’Flucht mat zwee Leit, dĂ©i all Lidd um Radio matsangen, ass laang an voller Angscht a Schrecken…

3 Responses to “Podcast: Angscht a Schrecken net bei, mee och net ganz wait wech vun de Kakamaschinen”

  1. Thierry Says:

    Gibt’s eine Aufnahme der Sendung? Ich hing leider den ganzen Nachmittag in der Bibliothek. :(

  2. Nur mein Standpunkt » links for 2007-10-31 Says:

    [...] Podcast: Angscht a Schrecken net bei, mee och ganz wait wech vun de Kakamaschinen Oh doch, das kann man durchaus verstehen wenn man sich ein wenig einhört. (tags: podcast podcasting fun) [...]

  3. Augenblicke » Blog Archive » Gestern im MUDAM Says:

    [...] Ich war also gestern im MUDAM. Ein Mudam Besuch geht freilich nicht ohne Fotos zu machen. Fireball Joel berichtete ja bereits in einer Angst und Schrecken Folge von diesem Monster Verdauungs… [...]

Leave a Reply