De Max, de Manuel an den Thierry hunn schonn eppes zu dësem Thema gesot, ech well meng Gedanken dann och lass ginn …
Eng vu menge éischte Kandheetserënnerungen, déi iergendeppes mat Politik ze dinn hunn ass de Radio an der Kichen, den ausgesinn huet wéi eng Miniaturjukebox a wahrscheinlech och just den RTL empfaangen huet, wou ëmmer méi dacks iwwert den Saddam Hussein geschwat ginn ass. Eisen heitege Premier, Staatsminister, deen och emol Finanzminister an „Mr. Euro“ war (wéi vill Titel huet de Mënsch eigentlech?), hunn ech net wouer geholl – säi Virgänger allerdéngs och net. Wisou grad den Numm vum „Béisen“ bei mir hänke bliwwen ass, weess ech net, mä wahrscheinlech huet et mat der Gedankewelt vun engem Dräijäregen ze dinn, wou gutt/béis Kategorië sinn, déi nach Sënn erginn.
Als EttelbrĂ©cker Kand ass den Jean-Claude Juncker heiansdo als Märchefigur opgetrueden, dĂ©i Famill war mat enger aner Figur, dĂ©i eng komesch, bal scho mythologesch Aura rondrem sech hat: den deemolege Buergermeeschter, den Édouard Juncker, war mam Premier Famill – a seng Enkelen si mat mir oder menge GeschwĂ«ster an d’Spillschoul gaangen. Een ze kennen, deen een kennt, deen e kennt – mĂ©i „lĂ«tzebuergesch“ hätt een am Fong net opwuesse kennen.
Fir grouss gĂ©int den Irakkrich 2003 demonstrĂ©ieren ze goe war ech deemools nach e bĂ«ssen ze jonk, ech hunn allerdĂ©ngs driwwer gebloggt an si mat engem Band mam Peace-Zeechen drop op der Stir ronderĂ«m gelaf. Ech duecht deemools, dat wier impressionant. Et ass gĂ©int Amerika a gĂ©int den Bush gaangen. LĂ«tzebuerg war just esou laang interessant, bis een eng Positioun zum Krich gewuer ginn ass. Wien huet dĂ©i gemaach? De Juncker selwer? Oder d’Madame Polfer, dĂ©i deemools jo Ausseministesch war? (Wat mir net esou bewosst war, als SchĂĽler. Vill mĂ©i wichteg war d’Madame Brasseur, dĂ©i stänneg komesch Reforme gemaach huet an BrĂ©iwer un d’LĂ©ierpersonal geschĂ©ckt huet, si sollten sech gefällegst un d’Unterrichtssprooch halen. Wat meeschtens genee eng Stonn laang funktionĂ©iert huet.)
Et koumen dunn Chamberwahle vum 13. Juni 2004, bei deenen ech nach net hunn dierfe mat wiele, mä ech hat d’Gefill, mech gĂ©if dat mĂ©i interessĂ©iere wĂ©i zum Beispill meng Eltren. Ech erĂ«nnere mech un de Bekannten, dee mech zum Radio ARA bruecht huet, dee gefaart huet, d’DP gĂ©if nach eng KĂ©ier an d’Regierung kommen an seng Dreem vun engem nĂ©ie LycĂ©e näischt ginn. Och hei beuertechenswert: de Juncker, d’CSV an hir Victoire gi net a Fro gestallt. Dat dĂ©i gewannen ass e Naturgesetz, politesche Spillraum bleift just beim Wiele vun engem Koalitiounspartner. E Familljemember vu mir huet um Wahlsonndeg dann och stolz erzielt, de Juncker „fir Europa“ gewielt ze hunn, well do gĂ©if hie jo vill fir eist Land maachen. Ech loossen dat mol sou stoen, mä am Endeffekt sinn ech frou, dat d’Parteien sech mĂ«ttlerweil drop gĂ«eenegt hunn, keng Doubel Kandidat_innen fir National- an Europawahlen op d’LĂ«scht ze setzen.
5 SĂ«tzer huet d’CSV deemools gewonnen. Naturgesetz? Naturgewalt. MĂ©i Setzer hat „de sĂ©chere Wee“ di leschte KĂ©ier deemools, mam Santer, 1984.
Ech ka mech erĂ«nneren, wĂ©i den Jean-Claude Juncker am Radio voller Roserei ugekĂ«nnegt huet, d’LSAP gĂ©if elo den Educatiounsministère krĂ©ien. Well si wĂ©isste jo alles besser, da kĂ©inten se et elo och besser maachen. Ech souz am Auto a sinn bei ee Noexame gefouert ginn.
2005 hat Lëtzebuerg de Virsëtz am Rot vun der EU. Et gouf am Summer eng grouss Demonstratioun dogéint, déi sech awer virun allem géint eng neoliberal, kapitalistesch Ausriichtung
vun der EU an wĂ©ineger gĂ©int de Juncker geriicht huet. 2005 war awer och d’Joer vum Referendum iwwert d’EU-Verfassung. Mat senger Drohung, bei engem Ausgang gĂ©int d’EU-Verfassung, zerĂ©ckzetrieden hunn ech de JCJ als Erpresser an ErĂ«nnerung. Wann een sech seng Aussoen iwwert den Konvent („Der Konvent ist angekĂĽndigt worden als die groĂźe Demokratie-Show. Ich habe noch keine dunklere Dunkelkammer gesehen als den Konvent“) an den Vertrag iwwerhaapt ukuckt, da freet een sech, firwat et da nĂ©ideg war, esou eng Drohung an de Raum ze stellen. Un der RealitĂ©it kann et, no den zwee negative Referenden an Frankräich an Holland, jo net geleeĂ«n hunn. Vläit wollt hien de Poste vum EU-Ausseminister fir sech, vläit hätt hien en deemools och kritt.
De Protest gĂ©int de 5611 huet mech an zwee gesplĂ©ckt, well ech d’Saach an d’Diskussioun doriwwer (dĂ©i mir – an der Ackerbauschoul! – och am Klassesall gefouert hunn) wichteg fonnt hunn, mä dĂ©i massiv Demonstratioun virun allem zum Schluss als Gaudi an „een Dag Schoulfräi“ erlieft hunn. Anerersäits ze gesinn, wĂ©i Membere vun der UNEL eng Propose fir een neit, bessert 5611-Gesetz geschriwwen hunn, dat war beandrockend. Ech hunn meng Reportage vun deemools leider net mĂ©i, mä als „Nowuesjournalist“ – wei ech mech deemools gesinn hunn – hunn ech natierlech d’Protester gĂ©int den Biltgen an den CSV-Staat dokumentĂ©iert. De Juncker huet mat sengem Sproch iwwert den „Hotel Mamma“ eng Roll gespillt, wann och keng esou eng grouss wĂ©i de Biltgen, deen deemools och op myspace seng musikalesch Referenz krut. (AllerdĂ©ngs krut dĂ©i den Jean-Claude Juncker och, an zwar vum Serge Tonnar mat „E Mann, E Wuert“, wou et, esouwäit ech weess, och Ă«m den 5611 geet.)
Dunn ass d’Kris komm, an ech hu mech dobäi erwĂ«scht, wĂ©i ech geduecht hunn, de Juncker a Konsorten, dĂ©i wäerte scho wĂ«ssen, wat se maachen. De Juncker ass Jurist, hien huet net een eenzegen Dag an der Privatwirtschaft geschafft an wouhier hien säin EcoswĂ«ssen huet, well ech haut am Fong guer net mĂ©i wĂ«ssen. Vläit huet hien och e Bofinger doheem (Ech hunn deemools just eng Zesummefaassung gelĂ©iert, mä grondsätzlech hätt ech een Bofinger).
Haut geet mir de JCJ op de Sou. Hien gĂ«tt keng kloer Ă„ntwerten, hie gĂ«tt frech Ă„ntwerten. Hien ass net Member vun der CSV, mä d’CSV sinn „dĂ©i mam Juncker“. Hien hellt sech gären aus Diskussiounen zerĂ©ck, fir da mat enger salomonescher LĂ©isung ze kommen. Ech gĂ©if hie gären eng KĂ©ier interviewen, mä ech gĂ©if wahrscheinlech immens versoen. Um Wahlowend 2009 ass hie mir extrem arrogant eriwwerkomm, virun allem wĂ©i Ă«m dem Här Hoffmann gesot huet, et gĂ©if jo leider net duergoe fir eng Koalitioun. WĂ©i ech ugefaangen hunn, dĂ«sen Artikel ze schreiwen, hunn ech mech gefrot, op den Jean-Claude Juncker riicht, wĂ©i al Leit nu mol richen, oder op hien iwwerhaapt kee Geroch huet. Een Typ, deen sech driwwer opreegt, dat d’SREL-Affaire vill Journalist_innen interessĂ©iert. Am Fong net ze verstoen, wĂ©i hien sech esou laang hale konnt.
Mä hie mĂ©cht jo vill fir eist Land. An Europa. An op der däitscher TĂ©lĂ©. Virun allem do. De Manuel huet Recht: den Jean-Claude Juncker wier e gudde Präsident. O du do uewen, kĂ©inte mir da sangen, wat een elo jo schon heiansdo maache well, esou eng komesch, mystesch Figur ass de Mann, ni richteg do an dach Ă«mmer präsent. An jo, vläit gĂ«tt et eng Generatioun zu LĂ«tzebuerg, dĂ©i haaptsächlech mam Juncker am CSV-Staat opgewuess ass, deen trotz allen Krisen an Affairen net op een Enn ze goe schĂ©ngt. Wäert si d’Kraaft hunn, iergendwann eng nei Regierung ze wielen, eng ouni Juncker?